Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique, kuerz SIGI, ass e Gemengesyndikat zu Lëtzebuerg. Seng Aufgabe sinn d'Informatisatiounoun vun de Gemengen z'organiséieren a virunzedreiwen an se dobäi ze beroden, de Softwareprogramm Gescom z'entwéckelen, e gemeinsamen Data-Center fir d'Gemengen unzebidden an hinnen dobäi hëllefen, hiren Internet-Site op- an auszebauen.
De Syndikat gouf duerch een Arrêté grand-ducal vum 31. Mäerz 1982 autoriséiert.
D'Publikatioun steet am Mémorial B n° 26 vum 30. Abrëll 1982, Säit 478.
Den Arrêté gouf duerno dräimol geännert a verbessert an zwar:
- De 16. August 1984 (Mémorial B n° 54 vum 15. September 1984, Säit 856
- De 17. Juni 1986 (Mémorial B n° 34 vum 15. Juli 1986, Säit 708
- De 19. Juli 1991 (Mémorial B n° 37 vum 9. August 1991, Säit 742
D'Grënnungsgemenge ware folgend:
Esch-Uelzecht, Réimech, Wolz, Bus, Konter, Iechternach, Ettelbréck, Gréiwemaacher, Habscht, Péiteng, Réiser, Veianen, Wäisswampech, Wellesteen, Wëntger, Käerjeng, Baastenduerf, Bech, Biekerech, Bartreng, Préizerdaul, Beetebuerg, Bettenduerf, Buerschent, Klierf, Konsdref, Eschweiler, Fluessweller, Hengescht, Housen, Jonglënster, Kielen, Koplescht, Stauséigemeng, Luerenzweiler, Mamer, Monnerech, Munzen, Nidderaanwen, Rammerech, Sandweiler, Suessem, Schëtter, Simmer, Stengefort, Ëlwen a Wanseler.
[Änneren] Um Spaweck
Interkommunal Syndikater |
ZARE | SIDEC | SIDERO | SYVICOL | SICEC | SIGI | STEP | SIDEN | FILANO |
SOINS-MEDERNACH | SICLER | École Heiderscheid | SEBES | PRO-SUD |