Tanumafili II.
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Malietoa Tanumafili II., gebuer de 4. Januar 1913 zu Apia op Samoa, ass de Staatschef vu Samoa.
1939 huet hien de samoaneschen Häuptlingstitel "Malietoa" geierft. D'Konstitutioun vu Samoa hat bestëmmt, datt de Staat bei der Onofhängekeet sollt zwee Staatschefen op Liewenszäit kréien, den Tupua Tamasese Mea’ole an den Malietoa Tanumafili II. Nom Doud vu sengem Partner gouf den Tanumafili de 5. Abrëll 1963 eenzege Staatschef.
No sengem Doud wäert d'Parlament en neien Herrscher wielen, deem seng Amtszäit awer op fënnef Joer reduzéiert wäert sinn.