Templeruerden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Templeruerden war ee vun den éischte chrëschtleche Ritteruerden, déi an der Folleg vun de Kräizzich entstane sinn. Zil vun dëser Brudderschaft war et, d'Ideale vum Adel (also sprëch: de Ritter) an de Pateren ze vereenen. Den Numm vun den Templer kënnt dohier, datt dem Uerden säin éischt Haaptquartéier an engem Fliggel vum Kinnek Baudouin II. vu Jerusalem sengem Palais war. Dëse Palais soll der Legend no op de Grondmaueren vum Salomoneschen Tempel opgebaut gi sinn. Arm Ritterschaft Christi vum Salomoneschen Tempel souwéi Militia Christi waren hir éischt Nimm. Spéiderhin sinn se dann, duerch d'Lag vun hirem Haaptquartéier, einfach Tempelritter genannt ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Grënnung
Am Joer 1099 gouf d'Stad Jerusalem am Laf vum Éischte Kräizzuch eruewert. Endlech war et de Chrëschte gelongen, d'Helleg Stad ënner hir Kontroll ze bréngen. Dëst huet a ganz Europa eng Phas ausgeléist, wou sämtlech Pilger op Jerusalem goe wollten. Net seele war d'Rees fir d'Pilgerleit duerch deen een oder anere feindleche Feil eriwwer. D'Pilgerweeër goufen andauernd vu moslemesche Feinde belagert. Aus dësem Grond hunn den Hugues de Payens an néng aner fränkesch Ritter zu Jerusalem 1118 d'Militia Christi gegrënnt. Et war uganks net méi wéi eng Brudderschaft. Duerch d'Ënnerstëtzung vum Baudouin II. huet d'Militia Christi séier un Afloss gewonnen. Et huet net laang gedauert, bis datt d'Templer zu enger wichteger Institutioun op de Pilgerweeer gi sinn. Si ware souzesoen d'"Pilgerpolice".
Déi éischte Kéier gëtt den Uerden offiziell 1128 ernimmt. Am dësem Joer gëtt zu Troyes e Konzil ofgehal, op deem d'Templergemeinschaft offiziell zu engem chrëschtlechen Uerden erhuewen gëtt. Hei ginn och d'Uerdensregelen festgeluegt. Vun 1129 u fänken d'Templer un op der Iberescher Hallewinsel aktiv ze ginn.
Ee vun de wichtegsten Ënnerstëtzer war den Bernard de Clairvaux, ee vun de bedeitensten Kleriker vu deeër Zäit. Hien huet sämtlech europäesch Edelmänner dozou opgeruff, den Templer bäizetrieden. Duerch den Antrëtt vum Hugues de Champagne, engem Bekannte vum Bernard, koum et zu engem éischte groussen Opschwong. An enger Schrëft De laude, déi hien 1130 verëffentlecht huet, huet en d'Templer géint éischt Kritiker verteidegt. Gläichzäiteg wollt de Bernard Europa fir e zweeten Kräizzuch mobiliséieren.
1139 gëtt den Templeruerden duerch dem Poopst Innocent II. seng Bulle Omne datum optimum vun alle weltlechen Herrscher lassgesot. Si si just nach dem Hellege Stull ënnerstallt.
[Änneren] D'Templerprozesser
[Änneren] Insignien
[Änneren] De Baucent
De Baucent (oder och Baussant) ass de Fändel vum Templeruerden. Baucent bedeit souvill wéi zweegedeelt. De Fändel war an eng schwaarz an an eng wäiss Halschend agedeelt. Wäiss symboliséiert d'Rengheet an d'Keuschheet, Schwaarz steet fir Courage a Kraaft.
[Änneren] D'Kräiz
D'Tatzekräiz ass d'Kräiz vum Templeruerden. Et handelt sech heibäi em e rout Kräiz, dat aus zwou gläichlaangen Dunne besteet, déi vu bannen no baussen hin méi breet ginn. Vun 1147 un huet de Poopst Eugène III., deen de 27. Abrëll beim Uerdenskapitel war, den Templer als Merci fir d'Verdeedegung vun der Helleger Stad Jerusalem erlaabt, d'Tatzekräiz op hirer lénker Schëller (a sinistra) ze droen. Haut gëtt nach dacks fälschlecherweis d'Malteserkräiz den Templer zougeschriwwen. Dës Kräizform steet an der chrëschtlecher Symbolik fir de Leidenswee vu Jesus Christus, déi rout Faarf symboliséiert d'Blutt, dat de Jesus vergoss huet.
[Änneren] Den Habit
Den Habit vum Uerden war e wäisse Woperack mat engem grousse rouden Tatzekräiz op der Broscht. Nëmmen den ranghéigeren Bridder, de Ritter selwer, war et erlaabt, e wäisse Mantel mat engem méi klengen Tatzekäiz op der lénker Schëller ze droen. Den Verloscht vun dësem Mantel war eng Schan an kënnt op eng Dégradéierung eraus. Den Templeruerden war deen éischten chrëschtlechen Uerden, deem d'Droen vun engem Kräiz um Habit erlaabt gouf.
[Änneren] D'Sigel
Beim Uerdenssigel handelt et sech em zwee Reider, déi op engem Päerd reiden. Dëst soll engersäits d'Bridderlechkeet, anererseits den Aarmut vum Uerden symboliséieren. D'Groussmeeschteren haten en eegend Siggel, dat se als Groussmeeschter identifizéiert huet. Dorop war en kuppelförmege Rondbau ze gesinn, dee méiglegerweis no sollt op hiirt Haaptquartéier am Tempelvéierel soll hiweisen.
[Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Wëssenschaftlech Literatur
- Alain DEMURGER, Vie et mort de l'ordre du Temple, 1118-1314, Seuil, Paräis, 1985, ISBN 2020208156.
- Alain DEMURGER, Jacques de Molay - Le crépuscule des Templiers, Payot, Collection : Biographie Payot, 2002, ISBN 2228896284.
- Alain DEMURGER, Les Templiers : Une chevalerie chrétienne au Moyen Age, Seuil (21. Januar 2005), Collection : Histoire, ISBN 2020669412
- Den Alain Demurger ass Maître de conférences honoraire op der Université de Paris I Panthéon-Sorbonne.
- Ivan GOBRY, Le procès des Templiers, Perrin, 1995.
- René GROUSSET, Histoire des Croisades et du Royaume Franc de Jérusalem, Perrin, 1991.
- René LACHAUD, Templiers - Chevaliers d'Orient et d'Occident, Dangles, 1997.
[Änneren] Belletristik
- Hanny ALDERS, Der Schatz der Templer, ISBN 3596507197
- Umberto ECO, Il pendolo di Foucault, ISBN 3423115815
- Dan BROWN, Sakrileg, ISBN 3785721528
- E.W. HEINE, Das Halsband der Taube, ISBN 3-442-72000-1
- Maurice DRUON, Les Rois Maudits, t.1 "Le Roi de Fer", 1970.