William Lassell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De William Lassell gebuer den 18. Juni 1799 zu Bolton, Lancashire a gestuerwen den 5. Oktober 1880 zu Maidenhead, (Berkshire) war e briteschen Astronom a Physiker.
Opgrond vun sengem erfollegräiche Béierbraugeschäft konnt de Lassell et sech leeschten, fir sech un der Astronomie ze intresséieren. Hien huet no bei Liverpool en Observatoire mat engem 60 cm Spigelteleskop opgeriicht, wat duerch seng neiarteg äquatorial Montéierung fir d’einfach Noféierung vum Stärenhimmel bekannt war.
Seng Optiken huet hie selwer geschlaff mat selwer gebaute Maschinnen.
Den 10. Oktober 1846 entdeckt hien den Triton, dee gréisste Mound vum Planéit Neptun, nëmme 17 Deeg no der Entdeckung vum Planéit duerch de Johann Gottfried Galle.
Am Joer 1848 entdeckt hien onofhängeg den Hyperion, den aachte Mound vum Saturn. Am Joer 1851 entdeckt hie zwéin nei Mounde vum Uranus, déi no engem Virschlag vun den Astronomen John Herschel, Ariel an Umbriel genannt goufen.
Am Joer 1855 baut hien en 120 cm-Teleskop, wat hie fir besser Observatiounen ze kréien, op d’Insel Malta installéiere gelooss huet.
Am Joer 1849 kritt de Lassell d’Goldmedaille vun der englescher Royal Astronomical Society. Vun 1870 bis 1872 war hien de Präsident vun dëser Gesellschaft.
Als Undenken un de Lassell goufen e Krater op dem Äerdmound an een op dem Planéit Mars no him benannt.