Wuelmereng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Volmerange-les-Mines (Wuelmereng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng a Loutrengen am Departement Moselle.
Am Uert, deen zum Arrondissement Thionville-Est gehéiert, liewe 1725 Awunner (Stand 1999). Wuelmereng läit eng 5 km südlech vun Diddeleng, un der Grenz mat Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Den Numm vu Wuelmereng dierft vun engem gallo-réimeschen Här mam Numm Volcmarus kommen. De Suffix "eng" deit de Besëtz un. Fir d'éischt gouf d'Uertschaft am Joer 980 ernimmt: Valembregam villam in pago Moslenci.
Wuelmereng war e klengt Bauerenduerf, bis datt d'Minette am Buedem fonnt gouf an d'Awunnerzuel plëtzlech an d'Luucht geschoss ass. Während engem ganze Joerhonnert (vun 1874 bis 1973) waren zwou Grouwe fir den Opschwonk verantwortlech: Laangebierg a Kraemer.
Hautesdaags bestëmmt virun allem de Klenghandel d'Economie vu Wuelmereng, nieft der Gesellschaft Poeckes vun Téiteng, déi hir Steekaul op Wuelmerenger Gebitt huet.
[Änneren] Ëffentleche Verkéier
D' Gare Wuelmereng ass eng CFL - Kappgare, déi, vu Lëtzebuerg aus gesinn, hanner der Gare Diddeleng-Schmelz läit an zu der Linn 60 vun den CFL gehéiert.
[Änneren] Kuckeswäertes
En Ëmwee wäert ass fir Frënn vum Schéisssport den Eurostand vu Wuelmereng, wou een op 10, 25, 50, 100 an 200 m schéisse kann, a wou et och eng mobil Scheif op 50 m gëtt.