Île de la Cité
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Île de la Cité ass eng Banneninsel op der Seine an den eelsten Deel vun der franséischer Haaptstad Paräis. An der Noperschaft läit d'Île Saint-Louis.
- Heihinner kënnt een iwwer d'Métrosstatiounen: Cité a Saint-Michel.
D'Île de la Cité war schonn an der Antikitéit bewunnt - fir d'éischt vun de Kelten a spéider (no 52 v. Chr.) als Zentrum vun der réimescher Muecht a Gallien. Schonn am 4. Joerhonnert stung op der Plaz wou een haut d'Kierch Notre-Dame de Paris gesäit, eng Kathedral. Wéi de Clovis I. aus dem Geschlecht vun de Merowinger Paräis am fréie 6. Joerhonnert zu der Haaptstad vu sengem Räich gemaach huet, stung d'Île de la Cité nees am Mëttelpunkt.
1584 huet den Henri III. dräi sumpfeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domadder ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op insgesamt 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plat entstoen (Place Dauphine) entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwéi Seine-Ufere matenee verbanne sollt. Dës sougenannten "Nei Bréck" (Pont Neuf) ass haut déi eelste Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass.
Haut huet op der Île de la Cité de Palais de Justice de Paris säin Haaptsëtz, geneesou wéi d'Policezentral.
D'Île de la Cité' ass geographesch op zwee Paräisser Arrondissements opgedeelt, an zwar op den 1. an de 4. Paräisser Arrondissement. Grenzstrooss ass de Boulevard du Palais. Den 1. Arrondissement hëlt dobäi de westlechen Deel vun der Seineinsel an, de 4. den ëstlechen Deel.
[Änneren] Kuckeswäertes op der Île de la Cité
- Notre-Dame de Paris
- Palais de la Cité (haut Palais de Justice)
- Sainte-Chapelle
- Conciergerie
- Place Dauphine
- Pont Neuf
- Mémorial de la Déportation
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Île de la Cité – Biller, Videoen oder Audiodateien |