Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Réimescht Räich - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Réimescht Räich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Als Réimescht Räich (Imperium Romanum) beschreift ee generell de réimesche Staat an de Joerhonnerten no der Reorganisatioun vum Augustus. Obschonns Roum och scho virum Augustus eng grouss Partie vu Länner eruewert hat déi Tribut hu misse bezuelen, gëtt d'Zäit vrum Augustus als Réimesch Republik bezeechent. Den Ënnerscheed tëscht réimeschem Räich a réimescher Republik ass haaptsächlech de Gouvernement.

Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt den Ausdrock Réimescht Räich och benotzt fir d'Gebitt ze beschreiwen, dat vu Roum vum 6. Joerhonnert v. Chr. bis zum 5. Joerhonnert eiser Zäit beherrscht gouf.

Déi gréissten Ausdeenung hat d'Réimescht Räich zur Zäit vum Keeser Trajan, wou d'Gebidder ronderëm d'Mëttelmier, Gallien, Deeler vu Britannien a Lännereie ronderëm d'Schwaarzt Mier zum Räich gezielt hunn.

Réimescht Räich am Joer 117 n. Chr.
Réimescht Räich am Joer 117 n. Chr.

D'Réimescht Räich hat e groussen Afloss op d'Gebidder wou et sech ausgebreed huet, an esouguer iwwert d'Grenzen eraus. Am Oste vum Räich huet sech de réimeschen Afloss mat griichesch-hellenisteschen an orientaleschen Elementer vermëscht, während de Weste latiniséiert gouf.

D'laténgesch Sprooch hat e groussen Afloss op eis modern romanesch Sproochen (italienesch, franséisch, spuenesch, portuguisesch a rumänesch). Vrun allem eise Rechts- a Staatssystem ass enorm vum Réimesche Räich geprägt ginn.

D'Geschicht vum Réimesche Räich léisst sech a 6 Phasen ënnerdeelen.

  • Kinnekszäit (753-510)
  • Réimesch Republik
  • Biirgerkricher (säit 133 v. Chr.)
  • Prinzipat (Réimescht Keeserräich säit 27 n. Chr.)
  • Spéitantikitéit, och Dominat (Réimescht Keeserräich säit 284)
  • Ënnergang vum westréimesche Räich an Iwwergank zum byzantineschen oder ostréimesche Räich (zënter 395)

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Réimesch Kinnekszäit a fréi Republik

De Stadstaat Roum, deen um Ufank ënnert etruskescher Kinneksherrschaft stoung, krut ëmmer méi Afloss an Italien, nodeems en sech ca. 500 vun den Etrusker lassgeléisst hat. Et ass och zu dëser Zäit wou d'Kinnekräich an eng Republik ëmgewandelt gëtt, déi vun zwee Konsulen pro Joer, déi vum Senat gewielt goufen, regéiert gouf. Als éischten, einegermoosse festen Punkt, kann een d'Zwölftafelgesetz vun 451 notéieren.

Roum huet mat enger Expansioun a Mëttelitalien ugefaangen, mee huet nieft Succèsen och Néierlage missen astiechen. Dorops folgen d'Samnitekricher (343-290) an de Latinerkrich (340-338). Roum huet sech en Alliancesystem geschaf, andeems d'Kolonien op strategesch wichtege Plaze gegrënnt goufen. Ausserdem goufen Uniounen mat den italienesche Stämm geschloss, woubäi dës Awunner awer net d'réimescht Biergerrecht kruten.

[Änneren] Den Opstig vu Roum - D'Expansioun an Italien an am Mëttelmierraum

Am 3. Joerhonnert v. Chr. setzt sech Roum géint d'Samniten an aner italienesch Stämm duerch. No an no ass déi ganz Hallefinsel ënnert réimesch Herrschaft gefall, mat der Ausnahm vun Ueweritalien, wat spéider annexéiert gouf. Am Süde goufen d'griichesch Stadtstaaten ageholl. Dës Expansioun huet zu engem Konflikt mam bis dohinner friddleche Karthago gefouert, an dëst zu de Punesche Kricher.

Am Éischte Punesche Krich (246-241) huet Roum eng Flott opgebaut, fir sech Karthago entgéintzestellen. No verschiddene Néierlage konnt Roum sech a Sizilien etabléieren. Datt dëst Karthago net gepasst huet ass kloer, an sou koum ët zum Zweete Punesche Krich, wou den Hannibal Roum ellen un d'Ziddere bruecht huet, besonnesch duerch d'réimesch Néierlag bei Cannae. Allerdéngs ass et dem Hannibal net gelongen, den italieneschen Allianzsystem ze zerstéieren, an de réimesche Feldhär Scipio gëtt dem Hannibal 202 bei Zama Meeschter. Karthago huet hir Muecht verluer an Roum, nieft Spuenien, gewënnt un Afloss.

De Sieg iwwer Karthago an den zwee éischte Punesche Kricher huet d'Stellung vu Roum am westleche Mëttelmier ofgeséchert. Vun 200 mëscht sech Roum och an d'Muechtspill vun den hellenistesche Räicher an. Do waren d'Groussmuechten net an der Lag, friddlech zesummenzeliewen. D'Folleg ware Konflikter mat den Antigoniden wou Roum a Griicheland intervenéiert ass, fir de makedoneschen Afloss zeréckzedrängen. E weidere Krich gouf géint d'Seleukiden gefouert, an e Ruff ëm Hëllef hat e Krich géint den Antiochos III. zur Folleg. Domadder gouf Roum de facto d'Haaptmuecht am ëstleche Mëttelmier. D'Versich vu Makedonien, hir Hegemonie oprecht ze erhalen, hunn zu weidere Kricher gefouert, woubäi Makedonien 148 de Kiirzere gezunn huet, an zu enger réimescher Provenz gouf. Dat selwecht Schicksal gëllt fir Griicheland 146, an, no der Zerstéierung vu Karthago am Drëtte Punesche Krich, fir d'nei Provenz Africa. Nëmmen Ägypten, wat an e réimescht Protektorat ëmgewandelt gouf, a Pergamon konnten hir Onofhängegkeet fir eng Zäit sécheren. Pergamon gëtt 133 zu enger réimescher Provenz. 64/63 gëtt de Rescht vum Seleukideräich duerch de Pompeius zur Provenz Syria.

[Änneren] D'Revolutiounszäit an d'Biirgerkricher

Zënter der Mëtt vum 2. Joerhonnert v. Chr. befënnt sech d'Republik an enger innepolitescher Kris déi zu de réimesche Biirgerkricher féiere wärt, an zu enger Reform vum politesche System féiere wärt. D'Reform vun de Gebridder Tiberius Gracchus a Gaius Gracchus, d'Gracchesch Reform, soll och den ärmste Schichte vun der Bevölkerung hëllefen, zu Land ze kommen. Obwuel dës Reform net duerchgesat konnt ginn, huet si dach e Konflikt opgeworf, deen esoubal net ophale sollt: d'Optimates an d'Populares maache sech géigesäiteg d'Liewe schwéier, fir hir Politik duerchzesetzen. Mee och an Italien huet et gebrodelt, an den Allianzsystem koum un d'Wackelen, wat zum Bundesgenossekrich gefouert huet, no deem och all d'Allianzpartner d'réimescht Biirgerrecht kruten.

Am Senat geet de Sträit monter weider, an Ufanks kann de Sulla sech als Diktator behaapten. No sengem Doud bekriche sech den Julius Cäsar an de Pompeius, woubäi de Pompeius de Kiirzeren zitt. Mee och den Cäsar ka sech als Diktator net behaapten a gëtt 44 v. Chr. ermuerd.

Nom Doud vum Cäsar ass et de Republikaner awer net gelongen, déi al Verhältnisser erëm hirzestellen, an den Octavian, de spéideren Augustus, setzt sech schlussendlech duerch.

[Änneren] D'fréi Keeserzäit (Prinzipat)

Als dem Cäsar säin Ierwen huet den Octavian et Ufanks zimlech schwéier. Mee en huet aus de Fehler vu sengem Virgänger geléiert, a geet seng Reform méi douce un, fir de Senat net ze bruskéieren. Emmerhin ass jo bekannt, wat dem Cäsar geschitt ass, an de Octavian well sécherlech net, datt et him genausou ergeet. Hie léisst also Ufanks déi republikanesch Konstitutioun a Kraaft, a séchert sech seng Positioun duerch eng ganz Partie Ämter. De Senat gesäit am Octavian dann och kee Kinnek, mee den Princeps, den éischte Bierger. De Regime, dee vum Octavian agefouert gouf, gëtt dowéinster och Prinzipat genannt. Am Joer 27 eiser Zäit kritt hie vum Senat den Titel mat deem hien an d'Geschichtsbicher agoe wärt, Augustus.

D'Keeser ware Meeschter iwwert de gesamte Mëttelmierraum, an och de Westen a Süden vu Germanien gehéiert zum réimesche Räich. Am Nordosten ginn d'Réimer allerdéngs am Joer 9 gestoppt (Varusschluecht). Ënnert dem Keeser Claudius kennt Britannien zum Räich a spéider och Thrakien. Déi gréissten Ausdeenung hat d'Räich zur Zäit vum Keeser Trajan am Joer 117. Och d'Zäit vum Keeser Hadrian, deen zwar déi östlech Eroberungen vum Trajan opgëtt, ass eng gutt Zäit fir d'Räich.

An der Mëtt vum 2. Joerhonnert schengt d'Räich op sengem Héichpunkt ukomm, mee schonn ënnert dem Marcus Aurelius kommen déi éischt Problemer op d'Réimer duer (Kämpf mat de Germanen a Parther). An de folgende Joerzingten ass keng Rou am Räich. D'Grenze ginn ëmmer méi dacks ugegraff an och innepolitesch ass d'Situatioun net roseg. Am 3. Joerhonnert konnten d'Severer d'Lag liicht stabiliséieren, mee och si konnten e Krich mat de Sassaniden net verhënneren. Doropshin kommen d'Zaldotekeeser un d'Muecht, déi de Streidereie Meeschter ginn an Palmyra ennerwerfen (272).

[Änneren] D'spéit Keeserzäit (Dominat)

284 gi mer mam Diokletian an d'sougenannte Spéitantikitéit. Hien huet d'Verwaltung reforméiert an de System vun der Tetrarchie agefouert. No dësem System gëtt et ëmmer zwee Senior-Keeser (Augusti) an zwee Junior-Keeser (Caesar). D'Räich war scho laang fir een alleng ze grouss ginn, mee de Gedanken d'Unitéit opzegi koum net a Fro.

Dem Konstantin de Groussen war dat allerdéngs net genuch. Hien huet seng Rivalen aus dem Wee geraumt a war 324 erëm eenzege Keeser. An d'Geschichtsbicher agangen ass hie vrun allem duerch d'offiziell Erlabnis vum Chrëschtentum an duerch d'Grënnung vu Konstantinopel, wouduerch sech den Haaptschwéierpunkt vum Räich méi no Osten geriicht huet.

Ennert dem Valentinian I. gëtt d'Räich aus Verwaltungsgrënn dann trotzdem opgedeelt, eng Deelung déi nom Doud vum Theodosius I. definitiv wärt sinn. No der Néierlag vun Adrianopel konnt hien d'Goten a Schach halen, andeems hie Veträg mat hinnen ënnerzeechent huet.

[Änneren] Den Ënnergang vum westréimesche Räich

Am Laf vum 5. Joerhonnert ass allerdéngs d'westréimescht Räich zerfall. Eng wichteg Ursaach dovunner ass natierlech d' Völkerwanderung. No der Schluecht vun Adrianopel 378 goung ëmmer méi d'Kontroll iwwert déi westlech Provenze verluer. Vrun allem de Verloscht vun Africa war e schwéiere Schlag. De Regierungssëtz war op Ravenna verluecht ginn, mee och an Italien hunn d'Germanen ëmmer méi un de Grenze geréckelt. 410 erueweren d'Westgoten Roum, 455 zéien d'Wandalen no. D'réimesch Arméi, déi zu engem gréissten Deel aus Söldner bestanen huet, hat deem wéineg entgéintzesetzen, an innepolitesch war scho laang net méi alles wéi et sollt sinn. 476 setzt den Odoaker de westréimesche Keeser Romulus Augustulus of, mee hie bleift awer dem ostréimesche Keeser trei.

Am Osten war d'Situatioun méi roseg, an d' Byzantinescht Räich besteet nach bis an d'15. Joerhonnert eran.

[Änneren] Nofolger

D'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun huet sech als Nofolger vum Westréimesche Räich ugesinn, während de russeschen Zar iwwert d'byzantinesch Ierwschaft och d'Keeserkroun revendikéiert huet. D'Begrëffer Keeser an Zar sinn dann och vum réimeschen Caesar ofgeleed.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Alfred Heuss, Römische Geschichte, Schöningh, 2003. ISBN 3506739271
  • Theodor Mommsen, Römische Geschichte, Deutscher Taschenbuchverlag, 2001. ISBN 3423590556
  • Klaus Bringmann, Geschichte der Römischen Republik, München 2002.
  • Karl Christ, Geschichte der Römischen Kaiserzeit, München 2002.
  • A.H.M. Jones, The Later Roman Empire 284-602, Oxford 1964.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu