Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 12. Abrëll ass den 102. Dag (103. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1128: D'Stad Esch-Uelzecht gëtt fir d'éischte Kéier, ënnert dem Numm Asch, an enger Bulle vum Poopst Honorius II. ernimmt.
- 1946: Syrien gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 1961: De sowjetesche Kosmonaut Juri Gagarin flitt als éischte Mënsch an d'Weltall.
- 1985: Ufank vun enger Serie vu Bommenuschléi zu Lëtzebuerg, déi (engem) bis ewell onbekannte Bommeleeër zougeschriwwe ginn.
- 1831: Constantin Meunier, belsche Sculpteur a Moler.
- 1885: Robert Delaunay, franséische Moler.
- 1899: Emile Colling, Lëtzebuerger Dokter a Politiker.
- 1912: Georges Franju, franséische Filmregisseur.
- 1909: Lionel Hampton, US-amerikaneschen Jazzmuseker.
- 1914: Paul Leuck, lëtzebuergesche Journalist.
- 1924: Raymond Barre, franséische Politiker.
- 1928: Hardy Krüger, däitsche Filmschauspiller.
- 1933: Montserrat Caballé, spuenesch Opere-Sängerin.
- 1947: Tom Clancy, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1948: Joschka Fischer, däitsche Politiker.
- 1952: Marie-Josée Frank, Lëtzebuerger Infirmière a Politikerin.
- 1959: Andy Bausch, Lëtzebuerger Filmregisseur.