Albedo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mëttel Albedowerter am Sonnesystem | ||
---|---|---|
Planéit | Geometresch Albedo |
Sphäresch Albedo |
Merkur | 0,106 | 0,119 |
Venus | 0,65 | 0,76 |
Äerd | 0,367 | 0,39 |
Mars | 0,15 | 0,16 |
Jupiter | 0,52 | 0,7 |
Saturn | 0,47 | 0,74 |
Uranus | 0,51 | 0,81 |
Neptun | 0,41 | 0,29 |
Pluto (Zwergplanéit) | 0,6 | 0,5 |
Albedowerter vu verschiddenen Uewerflächen | ||
Material | Albedo | |
Frësche Schnéi | 0,80 – 0,90 | |
Ale Schnéi | 0,45 – 0,90 | |
Wolleken | 0,60 – 0,90 | |
Wüst | 0,30 | |
Savann | 0,20 – 0,25 | |
Felder (onbestellt) | 0,26 | |
Gras | 0,18 – 0,23 | |
Bësch | 0,05 – 0,18 | |
Asphalt | 0,15 | |
Waasserfläch (Schréiwénkel > 45°) |
0,05 | |
Waasserfläch (Schréiwénkel > 30°) |
0,08 | |
Waasserfläch (Schréiwénkel > 20°) |
0,12 | |
Waasserfläch (Schréiwénkel > 10°) |
0,22 |
D’Albedo (lat. albedo = „Wäissheet“; lat. albus = wäiss) ass eng Mooss fir d’Réckstrahlverméigen vun diffus reflektéierenden (reemittéierenden), also Uewerflächen, déi net selwer liichten.
D’Albedo ass virun allem an der Meteorologie vu Bedeitung, wou si Aussoen doriwwer erméiglecht, wéi staark sech d’Loft iwwer verschiddenen Uewerflächen erwärmt. Si fënnt och an der 3D-Computergrafik Uwendung, wou si als Mooss fir déi diffus Streekraaft verschiddener Materialien fir d’Simulatioun vun der Volumenstreeung déngt. Weider huet d’Albedo och eng grouss Bedeitung fir d’erhalten vum Weltklima, doduerch nämlech, datt energieräich kuerzwellegt Liicht vun der Äerduewerfläch reflektéiert an a langwellegt wärmewierksamt Liicht ëmgewandelt gëtt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Albedo-Arten
Ënnerscheed vu verschidden Albedo-Arten:
-
- geometresch Albedo (och visuell geometresch Albedo genannt)
- sphäresch Albedo (och Bondsche Albedo genannt)
- hemisphäresch Albedo
[Änneren] Aflëss
Wann Wärmt duerch Strahlung zougeféiert gëtt an haaptsächlech duerch aner Prozesser ofgefouert gëtt, erreechen Uewerflächen mat wéineger Albedo méi héich Temperaturen (vgl. Asphalt a Schnéi). Wann d’Wärmt haaptsächlech duerch aner Prozesser zougefouert ginn an (ënner aneren.) duerch Strahlung ofgefouert gëtt, erreechen Uewerflächen mat geréngerer Albedo manner Temperaturen (dat ass och de Grond dofir, datt Killkierper elektronescher Apparater meeschtens schwaarz sinn).
Glat Uewerflächen wéi Waasser, Sand, Schnéi hunn e relativ héigen Undeel spigelnder Reflexioun, hir Albedo ass dofir staark ofhängeg vum Afallswénkel vun der Sonnestrahlung (kuckt Tabell).
[Änneren] Mëttel Albedo am Sonnesystem
D’Venus huet mat enger mëttleren sphäreschen Albedo vun 0,76 e ganzt héicht, de Äerdmound mat duerchschnëttlech 0,12 e ganz klengt Réckstrahlverméigen an d’Äerd huet eng mëttel sphäresch Albedo vun 0,39. Den bis elo héichste gemoossene Wert fällt mat 0,99 op de Saturnmound Enceladus an dee niddregste Mëttelwert gouf mat nëmmen 0,03 um Koméit Borrelly festgestallt.
[Änneren] Miessung
D’Miessung vun der Albedo geschitt iwwer Albedometer a gëtt a Prozent uginn.
[Änneren] Literatur
- Joachim Gürtler und Johannes Dorschner: Das Sonnensystem., Barth (1993), ISBN 3335002814