Koméit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Koméit (vum griichesch kométes Hoerstär, ofgeleet vun kómē Haapthoer) oder Schwäifstär ass e klengen Himmelskierper, deen sech am schéinsten weist, wann hien sech ronderëm eis Sonn bewegt.
Wann dee nëmmen e puer Kilometer grousse Koméitekär méi no bei d’Sonn kënnt, weist hien eng diffus, niwwleg, Koma genannt, déi hien als Hüll ëmgëtt. Dës Ausdeenung kann vun bis zu 100.000 km grouss ginn. De Kär an d’Koma zesumme nennt een och de Kapp vum Koméit. Dat opfällegst Kennzeechen, wat e vun der Äerd aus gesäit ass awer de Schwäif, dee bei groussen an sonnenoen Objeten eng Längt vun e puer 100 Milliounen Kilometer erreeche kann. Meeschtens sinn et awer maximal nëmmen e puer 10 Milliounen Kilometer.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht vun der Koméitefuerschung
An der Antikitéit an am Mëttelalter goufen d’Koméiten heefeg als schlecht Zeechen oder och Gëtterzeechen ugesinn. Den Aristoteles an de Ptolemäus hunn d’Koméiten fir Ausdonstungen vun der Äerdatmospähr gehaalen. De Regiomontanus huet als éischten erkannt, datt et sech ëm selbstänneg Himmelskierper handet. Den Ufank vu wëssenschaftlechen Siichtweis bei der Koméitefuerschung kann een mat der Erkenntnes vum Tycho Brahe usetzen. Hien huet definitiv erklärt, datt d’Koméiten näischt mat der ierdeschen Atmosphär ze dinn huet. Hie stellt 1577 fest, datt Koméiten mindestens 230 Äerdradien ewech sinn. De Galileo Galilei huet sech dëser Erkenntnes nach widersaat. Dem Edmond Halley war et 1682 méiglech, deen an dësem Joer opdauchende Koméit als periodesch zeréckkommenden Himmelskierper nozeweisen. Den och 1607, 1531 an 1456 nozeweisenden Koméit bewegt sech op enger langgestreckter Ellips an 76 Joer ëm d’Sonn. – Haut ginn am Mëttel 20-30 Koméiten pro Joer entdeckt.
[Änneren] Iwwersiicht
[Änneren] Charakteriséierung
Koméiten ginn opgrond vun hirem Erschäinungsintervall an aperiodesch Koméiten an a periodesch Koméiten ënnerscheed. Déi zweet Grupp gëtt no hiren Ëmlafzäiten a laangperiodesch a kuerzperiodesch Koméiten agedeelt.
- Aperiodesch Koméiten
- Koméiten, déi – opgrond vun hirer paraboloiden oder hyperboloiden Bunn – secher net zeréckkommen, oder Eenzelobservatiounen, iwwer déi wéinst feelender geneeër Bunnbestëmmung – nach – keng Aussoen getraff kënne ginn.
- Periodesch Koméiten
- Koméiten, deenen hirt Zeréckkommen un Hand vun hire Bunnelementer gesëchert ass, déi also op enger – op mannst fir e gewëssenen Zäitraum – stabiller Ëmlafbunn déi d’Sonn ëmkreesen.
- Laangperiodesch Koméiten mat enger Ëmlafzäit vu méi wéi 200 Joer kommen wahrscheinlech aus der Oortsche Wollek, hir Bunnneigungen sinn statistesch verdeelt a si ëmlafen d’Sonn souwuel am gläichen Ëmlafsënn wéi d’Planéiten (prograd) wéi och a Géigerichtung zu den Planéitebunnen (retrograd). D’Exzentrizitéiten vun hire Bunnen leien no bei 1 – d’Koméiten sinn an der Regel awer nach duerch d’Schwéierkraaft un d’Sonn gebonnen, obwuel si fir hiren Ëmlaf bis zu 100 Millioune Joer brauchen. Exzentrizitéiten méi grouss wéi 1 (Hyperbelbunnen) sinn selten a ginn virun allem duerch Bunnstéierungen bei de Passagen vu grousse Planéiten ausgeléist. Dës Koméiten kommen dann theoretesch net méi an d’Ëmgéigend vun eiser Sonn zeréck, a verloossen d’Sonnesystem.
- Kuerzperiodesch Koméiten mat Ëmlafzäiten, déi méi kleng sinn wéi 200 Joer staamen wahrscheinlech aus der Kuiperceinture. Si bewegen sech meeschtens am normalen Ëmlafsënn an hir Inklinatioun läit am Mëttel bei ronn 20°, si leien also an der Géigend vun der Ekliptik. Bei méi wéi d’Halschent vun de kuerzperiodesche Koméiten läit de gréisseren Sonnenofstand (Aphel) an der Géigend vun der Jupiterbunn bei 5 a 6 Astronomesch Eenheeten (Jupiter-Famill). Et handelt sech dobäi ëm ursprénglech laangperiodesch Koméiten, deenen hir Bunnen duerch de gravitativen Afloss vum Jupiter verännert gouf.
[Änneren] Benennung
Nei entdeckte Koméiten kréie vun der I.A.U. fir d’éischt e Numm, deen sech aus dem Entdeckungsjoer an engem grousse Buschstaf zesummegesat, deen ufänkt mat A den 1. Januar a B den 16. Januar am Hallefmoutrhythmus no deem Zäitpunkt vun der Entdeckung festgelued ass. Zousätzlech kënnt nach eng Ziffer fobi, fir datt ee méi entdeckte Koméiten an engem hallewen Mount ënnerscheede kann. Soubal d’Bunnelementer vum Koméit genee bestiëmt sinn gëtt dem Numm no der folgenden Systematik e weideren Buschstaf virdrun gestallt:
P | d’Ëmlafzäit ass méi kleng wéi 200 Joer bzw. mindestens zwou sécher Observatiounen vum Perihelduerchgang (Periodesche Koméit) | |||
C | f’Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer | |||
X | d’Bunn ass netz e bestëmmen | |||
D | Periodesche Koméit, dee verluer gaange war oder net méi existéiert | |||
A | et stellt een nodréiglech fest, datt et sech net ëm ee Koméit, mä ëm een Asteroid handelt |
Engem periodesche Koméit gëtt ausserdeem eng fortlafend Nummer virdrungestallt, soubal eng bestätegt Observatioun vun engem zweete Perihelduerchgang virläit.
De Koméit Hyakutake zum Beispill gëtt och ënnert der Bezeechnung C/1996 B2 gefouert. Hyakutake war also den zweete Koméit, deen an der zweeten Halschent vum Januars 1996 entdeckt gouf. Seng Ëmlafzäit ass méi grouss wéi 200 Joer.
Normalerweis gëtt de Komet no sengem Entdecker benannt, sou gëtt zum Beispill D/1993 F2 och ënnert der Bezeechnung Shoemaker-Levy 9 gefouert – et handelt sech heibäi ëm de 9 Koméit, deen den Eugene an d’Carolyn Shoemaker zesumme mam David Levy entdeckt hunn.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Literatur
- Andreas Kammerer, Matthias Achternbosch, Mike Kretlow (Hrsg.): Kometen beobachten, Praktische Anleitung für Amateurbeobachter. Sterne und Weltraum Verlag, München 1998, 1999. ISBN 3-87973-924-2
- John C. Brandt, Robert D. Chapman: Introduction to Comets. University Press, Cambridge ²2004. ISBN 0-52100-466-7
- Gary W. Kronk: Cometography. A Catalogue of Comets. 2 Bde. University Press, Cambridge 1999-2003. ISBN 0-52158-504-X, ISBN 0-52158-505-8
- Bd. 1 Ancient - 1799
- Bd. 2 1800 - 1899
- S. V. M. Clube, W. M. Napier, M. E. Bailey: The Origin of Comets. Pergamon Press, Oxford 1990. ISBN 0-08034-858-0
- S. B. Charnley, S.D. Rodgers, Y.-J. Kuan, H.-C. Huang: Biomolecules in the Interstellar Medium and in Comets. Advances in Space Research. 2001 (astro-ph). (PDF, Diskussion über den Ursprung der nachgewiesenen organischen Moleküle)
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Kometen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) [1]
- (en) Paul Wiegert's PhD thesis:The Evolution of Long-Period Comets
- (de) ESA-Pressmatdeelung zu der Rosetta-Missioun
- (de) IAU - „Offiziell“ Astronomesch Nimm
- (en) Beobachtbare Kometen, Lëscht vun der IAU
- (de)+(en) Homepage der VdS-Fachgruppe Kometen
- (de) Faszinierende Amateurfotos von Kometen