Albert Calmes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Calmes, gebuer de 26. Februar 1881 zu Paräis, gestuerwen den 22. September 1967 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Historiker an Economist.
Hie war ee vun den éischten, déi mat engem Doktertitel an der Economie vun der Universitéit op Lëtzebuerg heemkomm sinn. Virdrun hat hie op Unien an der Schwäiz an an Däitschland enseignéiert. Hie gouf Direkter bei der Arbed a krut den Titel Ministre plénipotentiaire honoraire.
Als Historiker huet den Albert Calmes sech besonnech mat der Geschicht vu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert befaasst.
Hie war de Papp vum Christian Calmes.
[Änneren] Säi Wierk
- Au fil de l'histoire, Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1968.
- Le Luxembourg dans la révolution belge , Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1954.
- Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg 5 Bänn; 1. Band Bréissel 1932, 2. Band, och do 1939, 3. Band Bréissel a Lëtzebuerg 1947, 4. Band Lëtzebuerg 1954, 5. Band och do 1957.
- La comptabilité industrielle, Payot, Paräis, 1922.
- La révolution de 1848 au Luxembourg, (Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg VOL. V), Luxembourg, 1957.
[Änneren] Unerkennung
Nom Albert Calmes ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg genannt ginn.