Alphonse Nothomb
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alphonse Nothomb gebuer den 13. Juli 1817 zu Péiteng, a gestuerwen de 14. Mee 1898 och do) war e belsche Jurist a Politiker. Hie war 9 Joer laang belsche Staatsminister.
[Änneren] Säi Liewen
Hien huet an der Belsch an zu Berlin Droit studéiert an sech dunn zu Arel als Affekot etabléiert, a gouf geschwënn dono zweete Procureur um Areler Bezierksgeriicht. Mat 25 Joer gouf en dunn 3 Joer drop Procureur zu Neufchâteau. 1853 gouf en Substitut un der Cour d'Appel zu Bréissel.
1855 gouf de Nothomb belsche Justizminister (bis 1857). 15 Joer laang war en Deputéierte vun Turnhout am belsche Parlament. 1884 bis 1893 wa e Staatsminister. Déi 5 lescht Joer vu sengem Liewen huet hien zu Péiteng verbruecht, wou e gebuer war.
Den Alphonse Nothomb war de Brudder vum Jean-Baptiste Nothomb.