Wikipedia:Artikel vum Mount/Ofstëmmung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Artikel vum Mount ass en Artikel deen sech d'Wikipedianer erausgesicht hun, fir zesummen drun ze schaffen, an aus klenge Skizzen grouss Artikelen ze maachen. Fir méi Informatiounen, kuckt w.e.g. : Wikipedia:Artikel vum Mount.
Informatiounen zum Artikel vum Mount an zur Ofstëmmung
- Generell Informatiounen
Fir ofzestëmmen hu mir e ganz einfache System :
-
- jiddferee kann zu all Moment en Artikel an d'Lëscht bäidroen
- jiddferee kann seng Stëmm engem Artikel gin, bei deem hie sech kapabel fillt, matzeschaffen (mat Ënnerschrëft andeems Dir *#~~~~ (4 mol Tilde) antippt) ;
- all Sonden gëtt den Artikel mat de meeschte Stëmmen « Artikel vum Mount ». E gëtt dann op d'Haaptsäit geschriwwen an d'Ofstëmmung fir déi nächst Woch geet weider.
- bei engem Gläichstand sin d'Wikipedianer, déi nach net gewielt hun, gebieden eng Stëmm ofzegin.
- D'Auswiel vum Artikel
Fir datt de Maximum u Leit matschaffe kann sollt den Artikel
-
- net polemesch sin, fir datt jiddferee mam Thema eppes ufänke kann, ouni datt mer eis an d'Hoer geroden ;
- net ze technesch sin, fir datt jidderfeen zum Contenu bäidroe kann ;
- den Artikel soll op Lëtzebuerg bezu sinn.
[Änneren] Eng domm Fro
Ofstëmmen ... a wéi... a wou dann ?
Johnny Chicago 01:01, 19 Mäe 2005 (UTC)