Atompilz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Atompilz ensteet wëll d'Hëtzt déi bei der Explosioun vun der Bomm entsteet d'Loe vun der Atmosphär verschidde verformt.
Am Moment wou d'Bomm explodéiert gi 15 % vu senger Energie als radioaktiv Strahlung fräigesat, 35 % sin Hëtzt a 50 % sinn d'Chockwell déi sech mat méi wéi 1.000 km an der Stonn vun der Explosiounsplaz ausbreet an alles op hierem Wee ewechraséiert. An der éischter Mikrosekonn vun der Explosioun gëtt d'Loft duerch déi stark X - Strahlung erhëtzt. Doduerch entsteet eng gliddech Loftbloos déi en Duerchmiesser vun engem Kilometer huet an e puer Millioune Grad warem ass.
Wëll déi warem Loft méi liicht ass wéi déi kal gëtt dës Feierbull an e puer 10tel Sekonnen an d'Luucht a mécht e staarke Loftstroum deen alles wat e bei der Explosioun op Stëps reduzéiert hat mat sech an d'Luucht zitt. Doduerch entsteet de Still vum Champignon.
Dëse Still entsteet an der Troposphär, der ënneschter Lo vun der Atmosphär (bis 15 km. Héicht), wou d'Temperatur 6° pro Kilometer afhëllt. Dodriwwer tëschent 18 a 50 km, an der Stratosphär ginn d'Temperaturen ërem mat der Héicht an d'Lucht a leien tëscht 0° a 27°. Et ass tëschent dësen zwou Loë wou den Hut vum Champignon entsteet.
D'Feierbull huet sech afgekillt an huet net méi genuch Energie fir weider an d'Lucht ze goen a sech an der Stratosphär nach weider an d'Längt ze zéien. Si geet elo no de Säiten eraus an sou ensteet den Hut vum Champignon éier d'Material sou wäit afegekillt ass an da lues alues eraftrëllt.
Et muss een hei derbäi soen dass d'Form vum Champignon net onbedengt vun enger Atombommenexplosioun muss kommen, eng Explosioun duerch chemesch Explosiver an der selwechter Stäerkt, hätt deselwechten Effet.