Auguste Trémont
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Auguste Nicolas Trémont, gebuer den 31. Dezember 1892, a gestuerwen den 23. Oktober 1980, war e lëtzbuergesche Sculpteur a Moler. Hien ass besonnesch bekannt fir seng Duerstellungen vun Déieren.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
Den Auguste Trémont war Sculpteur a Moler. Hie gouf gebuer zu Lëtzebuerg den 30. Dezember 1892. Hien ass den 23. Oktober 1980 zu Lëtzebuerg gestuerwen. Hien huet vrun allem zu Paräis geschafft an hien huet sech op Déireskulpturen spezialiséiert.
Hien huet zu Lëtzebuerg an der Handwierkerschoul stodéiert. Am Oktober 1909 gong hien no Paräis an hien huet an der "Ecole des Arts décoratifs" stodéiert. Den Éischte Weltkrich huet hien zu Lëtzebuerg iwwerrascht. Beim Versuch iwwer d'schwäizer Grenz no Paräis ze goen. gouf hien vun den Däitschen verhaft.Nodeem hien erëm entlooss gi wor, kënnt hien no Lëtzebuerg zréck an hie schafft als Zeechner an dem diddelenger Stolwierk. Hie gët ee Frënd vum Aloyse Meyer, dem spéidere President vun der ARBED. Mat dem Bläistëft an der Hand stodéiert hien d'Aarbechter bei der Schaff. No dem Waffenstillstand geet hien no Paräis zréck. Hie stodéiert an der "Ecole des Beaux Arts". Hie schaaft Portraiten, Biller vu Paräis, bis jien enges Daags den "Jardin des Plantes", den Zoologesche Gaart, besicht. Hei fënnt hie säin Thema. Op d'Fro firwat hien "animalier" gouf,äntwert hien :" Wëll et dat Schwéierst wor". Hie mecht net nëmmen Zeechnongen, d'Joer 1924 ass d'Joer vun den éischte Skulpturen. Hie stellt seng Wierker aus an der "Galerie Ruhlmann", der spéideren "Galerie Edgar Brandt" a "Galerie Maleshebes". D'30-er Joren woren déi produktivst. Zu Paräis schaaft hien déi zwee grouss Léiwen, déi an der Entrée vun der stater Mairei stinn. Den Zweete Weltkrich bleift hien zu Paräis. Bei Krichsenn kënnt hien op Lëtzebuerg zréck an hie schaaft Denkmäler fir d'Opfer vum Krich.
[Änneren] Säi Wierk
- 1924 Chimpanzè
- Panthère, couple de tigres royaux,
- 1926-1932 Panthère noire, Panthère qui tourne, serval, tigre, éléphant, tigre qui marche, lion, bison,
- 2 lions (mairie de Luxembourg)
- 1932 Boeuf nain de la Côte d'Ivoire
- Couple de Tigres royaux, Chameau, Cerf (achetés par la Ville de Paris)
- 1935 ouvriers mineurs (Pavillon luxembourgeois de l'Exposition internationale de Bruxelles)
- 1936 scènes religieuses (Cathédrale de Luxembourg)
- 1937 Biche (Pavillon luxembourgeois de l'Exposition internationale de Paris)
- 1945 Médaille de la Libération
- Monument aux Morts (Differdange)
- Monument aux Morts de la Force armée
Biller vum Auguste Tremont fanne mer op villen Timberen
[Änneren] Präisser
Prix Grand-Duc Adolphe 1918
[Änneren] Literatur
Auguste Trémont, Le grand Animalier, in: Les Cahiers luxembourgeois, 1993