Avenir Beggen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Avenir Beggen | |||||||||||||||||||||||||||||||||
Offiziellen Numm: | Football Club Avenir Beggen | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Spëtznumm: | Wichtelcher | ||||||||||||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Schwarz-Giel | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Grënnung: | 1. Juli 1915 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Stadion: | Stade rue Henri Dunant, Beggen |
||||||||||||||||||||||||||||||||
Plazen: | 4 830 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
President: | Jean Hansen | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Trainer: | Fernando Gutierrez | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Liga: | Éirepromotioun | ||||||||||||||||||||||||||||||||
2005/06 | Nationaldivisioun, 12. Plaz | ||||||||||||||||||||||||||||||||
|
Den F.C. Avenir Beggen ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Lëtzebuerg-Beggen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Ufanksjoren - Vun 1915 - 1927
U sech hat alles schonn 1914 ugefaangen. Nodeems d'Preisesch Truppen den 2. August a Lëtzebuerg agefall waren, goufen d'Schoulen zougemaach, an d'Dummeldénger Schmelz huet net méi geschafft. Als Zäitverdräif hunn déi jonk Beggener ugefaange Foussball op enger Wiss ze spillen. Op eemol koum dun do d'Iddi op, dach e richtege Foussballsclub ze grënnen. Et war op engem Sonndeg, dem "Märtesdag", datt se den éischte Match géint den FC Gilsdref gespillt hunn a matt 3-0 gewonnen hunn. Dëse Succès huet sech séier an den nërdleche Faubourge vun der Stad Lëtzebuerg erëm geschwat a Spiller vum Daring Eech a vum Sporting Dummeldéng hu sech deene Beggener ugeschloss and den 1. Juli 1915 gouf de Club offiziell gegrënnt. "Étoile Sportive" war den éischte Numm vum Club an de Franz Deitz war den éischte President. Mä an der Uewerstad gouf et schon e Club matt deem Numm, dofir huet e misse geännert ginn. De Grënnungsmember Nic. Tockert huet "Avenir" als Veräinsnumm virgeschlo an de Comité huet séier décidéiert fir dëse villverspriechenden Numm ze acceptéieren. Esou séier et goung, hunn d'Memberen vum Club en Terrain gelount, um "Dudenhof" an nach 1915 selwer ass de Veräin der lëtzebuerescher Foussballfederatioun bäigetratt. 1917 huet de Veräin en neien Terrain gelount, zu Beggen selwer, tëscht der Uelzecht an der Schmelz. Spéider gouf aus dësem Terrain de "Stade Emile Metz-Tesch". 1918 huet de Club de Championnat vun der 3. Divisioun gewonnen an ass an d'2.Divisioun eropgeklomm, wou se bis 1923 bliwwe sinn. Well Nowuestalenter gefeelt hunn, an duerch finanziell Problemer ass de Club dunn erëm an d'3. Divisioun gefall. Dës Kris huet net laang gedauert. No just enger Saison huet de Club schonn de Comeback an der 2. Divisioun gefeiert. 1926 ass den FC Avenir an d'Promotioun eropgeklomm, wat déi zweet-héchst Klass deemols war. Mä 1927 ass en direkt erëm erausgefall nodeems en de Relegatiounsmatch géint den CS Péiténg verluer hat.
[Änneren] 1927 bis 1945
Véier Joer laang huet den Avenir Beggen dunn an der 2. Divisioun gespillt. Et goufe vill Efforten an där Zäit gemaach fir de Club weider opzebauen an d'Konsequenz war 1931 den erneiten Opstig an d'Promotioun, mä no enger Saison si se erëm ofgestigen. Den 10. Juni 1933 war ee Meilesteen an der Geschicht vum Club. De Comité huet décidéiert eng Jugendéquipe ze grënnen an huet ausserdem en obligatoreschen Indoor-Training agefouert. No der Saison 1933/34 ass d'1. Équipe an d'1. Divisioun opgestigen (wat dee Moment den zweethéchste Niveau war an déi Divisioun huet aus 8 Equippe bestan). No der Saison 1934/35 gouf d'Zuel vun den Equippen, souwuel an der 1. Divisioun wéi an der héchster Spillklass, op 10 Equippen eropgesat an doduerch hat den FC Avenir d'Chance an der 1. Divisioun bleiwen ze kënnen, obschonn se déi 8. a lescht waren. 1933 huet d'Jugendéquipe fir d'éischt am Championnat mattgespillt a gouf direkt 2. an hirem Distrikt, just ee Punkt hannert der Spora. Vun 1935 bis 1937 gouf den Terrain komplett renovéiert. Sonndes, den 23. Mee 1937 gouf den neien "Stade Emile Metz-Tesch" ageweiht an dat fir den offiziellen 20. Anniversaire vum Club, deen extra em zwee Joer no hanne verréckelt gouf, well den Terrain eben renovéiert gouf. Den FC Avenir huet bis 1981 op deem Terrain gespillt, en Terrain dee vill grouss Matcher sollt ze gesi kréien. De Championnat 1937/38 huet dee bis deemols gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht mat sech bruet: d'1. Equipe ass an d'sougenannten Éirendivisioun, déi deemooleg héchst Spillklass, opgestigen. An där Zäit hunn d'Junioren och de Championnat an hierem 4. Distrikt gewonn. Doniewt sinn déi zwou Equipen bis an d'Véierelsfinal vun hieren jeweilegen Coupe-Compétitiounen virgedrong. Mä 1938 ass eng ganz jonk an onerfueren 1. Equipe erëm an d'1.Divisioun ofgestigen. An deser 1. Divisioun ass den Avenir Beggen 4. ginn an der leschter Saison virum Krich, während d'Junioren hieren Distriktschampionnat erëm gewonn hunn. No der Invasioun vun de Preisen gouf de Club gezwongen sech an "Sport Verein 1915 Beggen" emzebenennen, mä dee Numm gouf selbstverständlech no der Befreiung erëm geännert. Während dem Krich war et verständlecherweis net méiglech e gereegelte Championnat ze spillen an et huet bis 1945 gedauert, bis endlech erëm een normale Championnat konnt gespillt ginn.
[Änneren] D'Nokrichsjoren: Vun 1945 bis 1959
1945 huet den FC Avenir de provisoreschen Championnat am 3. Distrikt gewonnen. D'Jugendéquipe huet hier éischt Final vun der "Coupe Prince Jean" den 8. Juli 1945 géint d'Red Boys Déifferdéng gespillt. No engem onglécklechen 2-2 ass de Replay mat 0-2 verluer gaangen. An der éischter kompletter Nokrichsaison 1945/46 huet Beggen an der 1.Divisioun ugefaangen. Déi folgend Joren bis 1957 waren virun allem Joren vun der Stabilitéit. Héichpunkter vun dëser Period waren de Gewënn vum Championnat an der Promotioun (3. Spillklass déi Zäit) an den Opstig 1948, d'Erréchen vun der Halleffinal an der Coupe de Luxembourg 1946 an 1950, d'Qualifikatioun fir d'Final vun der "Coupe de la FLF" 1949 an am selwechte Joer de Gewënn vun der "Coupe régionale du Centre". Dëst waren alles an allem dräi verschidden Coupe-Compétitiounen. D'Junioren hunn hieren Distriktschampionnat an de Joren 1946, 1951 an 1954 gewonn. 1957 sinn se bis an d'Halleffinal vun der Coupe du Prince komm an och an d'2. Divisioun opgestigen. D'Reserven vun der 1. Equipe hunn 1949 hieren Distriktschampionnat an der Promotioun gewonn. Mä fir d'1. Equipe war d'Saison 1957-58 kee grousse Succès, well se um Enn vun dëser Saison an d'2.Divisioun ofgestigen sinn.
[Änneren] 1959 bis 1967
1959 ass eng ausseruerdentlech Erfollegsperiod ugaangen. Vun 1958 bis 1964 huet den Trainer Jim Kremer de Grondsteen geluecht fir all spéider Succèsen an der Geschicht vum FC Avenir Beggen. Nodeems d'1. Équipe de Championnat an der 2.Divisioun gewonnen huet, ass se och Champion vun der 1.Divisioun ginn (1960) an an déi deemooleg Éirepromotioun opgestigen, dëst am Joer 1962. Den Avenir Beggen war erëm an der héchster Spillklass!
Nom Ofstig 1964 sinn se just eng Saison ënne bliwwen an direkt erëm opgestigen an spille säit 1965 onënnerbrach bis haut an der Nationaldivsioun. 1960 an 1963 ass d'1. Équipe bis an d'Véierelsfinal vun der der Coupe de Luxembourg komm.
D'Junioren hunn 1959 de Championnat an der 2.Divisioun gewonnen a sinn an d'héchst Spillklass opgestigen. 1960 hunn d'Junioren fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe Prince Jean gewonnen, an dat matt 2-0 géint d'US Diddeléng. 1965 hu si dëse Succès widderholl matt deem selwechte Resultat géint den SC Téiténg.
1959/60 huet fir d'éischt eng Scolaires Equipe vum Avenir Beggen e komplette Championnat gespillt. 1961, 63, 64 an 65 hu si den Distriktschampionnat gewonnen an 1964 ware se och Vainqueur vum "Challenge Gustave Jacquemaart".
Vun 1960 bis 1962 goufen um Stade Emile Metz-Tesch eng iwwerdeckten Tribün a Gradinen gebaut, ausserdeem gouf och d'Flutliicht installéiert. Dës erfollegräich Period gouf 1965 gekréint matt de Festlechkeete vum 50.Anniversaire vum Club.
D'1. Equipe huet d'Saison 1965/66 op der 6.Plaz an der National Divisioun ofgeschloss. Mä den absoluten Héichpunkt an där Saison war den Doublé vun de Junioren (Coupe a Championnat). De Marc Boreux gouf 1966 neien Haapttrainer an an där Saison gouf d'1. Equipe 8. am Championnat an d'Reserven hunn de Championnat an der 2.Divisioun gewonnen.
[Änneren] 1967 bis 1975: Fir d'éischte Kéier Lëtzebuerger Champion
No enger 7. Plaz an der Saison 1967/68 ass den FC Avenir 1969 fir d'alleréischte Kéier a senger Geschicht Lëtzebuerger Champion ginn. Et war een onvergiesslechen 3-1 Auswärtserfolleg iwwer d'Jeunesse, virun iwwer 6000 Leit, deen de Championnat décidéiert hat. Duerch dese Succès huet sech d' Equipe vum Avenir Beggen och fir d'Coupe d'Europe vun de Championen qualifizéiert, an deeër si géint de groussen AC Mailand gespillt hunn (0-5 zu Mailand, 0-3 an der Stad Lëtzebuerg). Donieft hu si d'Halleffinal vun der Coupe errécht.
D'Saison duerno gouf Beggen just 7. an nach e Joer méi spéit si se 4. ginn. De Championnat vun de Réserve gouf 1972 gewonnen, an d'1. Equipe huet an deem Joer d'5. Plaz an der Nationaldivisioun beluecht. No där Saison huet den Trainer Marc Boreux no 6 Joer gudder Aarbecht de Club verlooss.
Den Henri Cirelli war säi Successeur. D'Juniorséquipe huet 1973 eng weider Kéier d'Coupe du Prince gewonnen, a se goufen 2. am Championnat. D'1. Equipe huet an där Saison just d'8. Plaz beluecht während d'Reserven ofgestige sinn.
Am Ufank vun de 1970er Joren hunn eng Rei Jugendequippe vum FC Avenir un internationalen Tournoien ausserhalb vu Lëtzebuerg deelgeholl, speziell a Südfrankräich, déi op engem relativ héijen Niveau gespillt gi sinn. Dëst gouf dem Avenir Beggen e gudde Ruff a vum 17. bis 23. August 1973 huet de Club och esou een Tournoi organiséiert. Et hunn Equipen aus Marokko an vu Korsika deelgeholl, esou wéi Équippe vun Nice, Cannes an Audun-le-Tiche. D'Saison 1973/74 huet d'1.Équipe fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe-Finale erreecht. Leider gouf dëse Match 1-4 géint d'Jeunesse Esch verluer. Trotz dëser Défaite huet Beggen sech fir d'Coupe des Coupes qualifizéiert, well d'Jeunesse och Champion ginn ass.
De Géigner an der 1.Ronn hätt solle Paralymni Famagusta vun Zypern sinn. Mä duerch déi deemoleg politesch Kriis op Zypern huet dës Équipe décidéiert net unzetrieden an doduerch ass Beggen direkt an d'2. Ronn weiderkomm. Do sinn se op Roude Stär Belgrad getraff (1-6 zu Beggen, 1-5 zu Belgrad). E weideren Highlight vun där Saison war den 2. Gewënn vum Championnat vun de Junioren.
1974/75 huet Beggen sech fir d' UEFA-Cup qualifizéiert no der 2. Plaz am Championnat.
[Änneren] 1975 bis 1985: Eng éischt Period matt groussen Erfolleger
Den 1.September 1975 haat den Avenir Beggen e Frëndschaftsmatch géint d'Profien vum FC Metz gespillt an 0-4 verluer. A weideren sportlechen Héichpunkt an desem Joer vum 60.Anniversaire war déi éischt Participatioun un der UEFA Coupe, wou Beggen géint den FC Porto gespillt huet (0-7 auswärts, 0-3 doheem). Mä de Championnat ass ganz schwéier gin an et huet laang gedauert bis et sécher waar, datt eis Équipe net géif ofsteigen. D'Saison duerno (1976/77) ass den Josy Kirchen neien Trainer gin, mä no kuerzer Zäit huet hien schon missen wéinst diverse Grënn ersaat gin, an zwar durch de Georges Krecké. D'1.Équipe gouf 5. an där Saison an d'Reserven sin an hierem Championnat an der 4.Divisioun Champion gin an opgestiigen. Eng Saison méi spéit waar et erem en haarde Kampf géint den Ofstig an Beggen haat just 1 Punkt Virsprong op déi 2 Ofsteiger, d'Spora an d'Stade Diddeléng. Mä daat wichtegst Événement an där Saison 1977/78 waar d'ausseruerdentlech Generalversammlung, wou, niewt aanere Saachen, en neien Comité gewielt gouf: de "berühmte" Comité ronderem den Théo Mersch als President huet säit deemols nëmmen wéineg geännert. An der Saison 1978/79 ass eis Équipe op d'4.Plaz am Championnat komm an d'Junioren hun hieren 2.Championstitel gefeiert. Den neien Trainer fir d'Saison duerno waar den Willy Macho, een Éisterräicher. De Michel Clement gouf Co-Trainer. Durch verschidden Ännerungen am Spillerkader ass deen erwaartenen Schratt Richtung iewescht Régiounen vun der Tabell ausbliwwen (8.Plaz). Bei där Saison muss nach erwähnt gin datt de Supporter-Club "Allez Beggen" säin 20.Anniversaire gefeiert huet, an zwar am August 1979 wou sie en Tournoi organiséiert hun matt den Équipen vun de Red Boys Déifferdéng, Olympique Äischen, Etzella Ettelbréck an natirlech dem FC Avenir Beggen. Den neien Trainer fir d'Saison 1980/1 waar den Jean Bettinger. D'Équipe déi hien trainéiert hat, huet sech staark verbessert an ass zum Schluss och Fënneft gin.Een negative Punkt an där Saison waar den Ofstig vun den Junioren. D'Saison 1981/82 waar eng groussarteg, an zwar aus zwéi Grënn: den 1.August 1981 huet de Buergemeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, de Camille Polfer, den neien Stadion an der Henri-Dunant-Strooss ageweiht. D'Profiséquipen vun Borussia Mönchengladbach an vum FC Metz hu fir déi Occasioun e Galamatch gespillt. Iwwer 3000 Leit ware fir dee Match op den neien Terrain komm, deen 3-1 vun Mönchengladbach gewonn gouf. Eng Woch méi spéit gouf den offiziellen "Tournoi d'inauguration" gespillt, wou den FC Avenir an der Final 4-1 géint de Progrès Nidderkuer gewonn huet. No der Saison waar dun nach en aanere Succès perfekt: Den FC Avenir Beggen huet säin 2.Championstitel an der Veräinsgeschicht gefeiert, matt engem Avantage vun 4 Punkten op Nidderkuer an 7 Punkten op den heitegen Rekordmeeschter, d'Jeunesse. Déi wichtegst Matcher am Ufank vun der Saison 1982/83 waaren déi international Matcher am Europacup géint Rapid Wien (0-5 zu Beggen, 0-8 zu Wien). An déi Resultater hun de Club zimlech geschockt. Trotzallem huet eis Équipe während der Saison zréckgeschloen an um Schluss fir d'éischt an der Veräinsgeschicht d'Coupe de Luxembourg gewonn. Dësen Erfolleg gouf natirlech groussarteg gefeiert an e waar selbstverständlech méi wichteg wéi déi 2.Plaz am Championnat. Mä domatt war et nach net eriwwer! Fir d'Saison 1983/84 gouf de Paul Philipp Spiller-Trainer zu Beggen. eng weider wichteg Verstärkung waar d'Verpflichtung vum Jemp Girres, dee vun der Union op Beggen gewiesselt ass. Um Enn vun där Saison huet den Avenir Beggen d'Lëtzebuerger Fussballwelt dominéiert: sie hun d'Coupe esou wuel wéi de Champion gemaat an waar domatt eng vun deenen 7 eenzegen Équipen, déi je en Doublé gewonnen hun. Doniewt gouf den Armin Krings Torschützenkinnék matt 26 Goaler an der National Divisioun. Natirlech waar d'Saison 1984/85 schwéier wéinst dem Drock deen dun op de Schëlleren vun de Spiller loung, no all deenen Titelen déi an de Saison virdrun gewonn gin sin. Déi Kéier gouf Beggen "just" 3. am Championnat an huet sech fir d'UEFA-Coupe qualifizéiert. Den Armin Krings haat erem déi meeschten Goaler an der National Divisioun geschoss an um Enn vun der Saison huet den Paul Philipp de Veräin verlooss fir Nationaltrainer ze gin.
[Änneren] 1985 bis 1990
Ugangs der Saison 1985/86 huet de Michel Clement d'Successioun vum Paul Philipp iwwerholl. Säin Assistent gouf den Ungar Lajos Subits, deen och de Posten vum Sportdirekter am Club iwwerholl huet. D'Équipe gouf matt de Lëtzebuerger Nationalspiller Theo Malget an Hubert Meunier verstärkt, esou wéi vum jonken Däitschen Thomas Wolf. All d'Hoffnungen déi virun der Saison an d'Équipe gesaat goufen sollten erfëllt gin. Des huet de Gewënn vum 4. Championstitel an der Veräinsgeschicht och confirméiert. Den Armin Krings waar erem den beschte Goalgetter an der Nationaldivisioun matt 25 Goaler. Just d'Réserven hun méi eng schlecht Saison gespillt. Sie sin ofgestigen. Fir d'Saison 1986/87 sin zwee nei Spiller op Beggen komm: de Martin Jank an de Fred Schreiner. Enn August '86 gouf en internationalen Tournoi am Stade rue Henri Dunant gespillt. Niewt der Heeméquipe hun d'Reserven vun Borussia Mönchengladbach an vum 1. FC Köln mattgespillt, an den SC Birkenfeld. Um Enn vun dëser Saison ass den Avenir Beggen Zweeten am Championnat gin, an waat méi wichteg waar, sie hun d'Coupe gewonn andeems se an der Final den Drëtten vum Championnat, d'Spora Lëtzebuerg, matt 6-0 iwwerrannt hun. An, et kann schon baal schreiwen "wéi üblech", waar den Armin Krings erem Torschützenkinnek vun der Saison matt 24 Goaler. Et bleiwt ze ernimmen datt d'Reserven déi Saison erem opgestigen sinn. 1987/88: De System wéi de Championnat gespillt get, gouf déi Saison geännert. De Play-Off-System no der regulärer Ronn gouf angefouert. Dräi nei Spiller hu fir déi Saison zu Beggen ënnerschriwwen: de Lex Wilhelm, den David Wynn an de Jean Mond. Während der Saison ass de Michel Clement aus perséinlechen Grënn als Trainer zréckgetrueden an hien gouf vum Jean-Marie Nürenberg ofgeléisst. D'1. Equipe gouf erem Zweet am Championnat an och Zweet an der Coupe (0-1 Défaite an der Final géint d'Jeunesse). Déi Beggener ware glécklech datt si sech konnte fir d'Coupe des Coupes qualifizéieren, well d'Jeunesse och Champion gi war. D'Réserven sinn déi Saison alt erem ofgestigen. An der Saison 1988/89 ass den fréieren Lëtzebuerger Nationaltrainer, de Louis Pilot, neien Trainer zu Beggen ginn. Hie konnt op net manner wéi 7 nei Spiller zielen. Déi wichtegst Matcher an där Saison waren déi zwee Matcher an der Coupe d'Europe géint de KV Mechelen (FC Malines) aus der Belsch (0-5 zu Mechelen, 1-3 zu Lëtzebuerg). No dem Championnat war Beggen op der véierter Plaz vun den Play-Offen an d'Coupe-Final gouf erem verluer, mä des Kéier 0-2 géint d'Union um Terrain vun der Aris Bouneweg, wou d'Final stattfond huet well de Stadion op der Areler Strooss emgebaut gouf. Des Saison war déi éischt zënter 1982 wou Beggen sech net fir eng international Compétitioun qualifizéiert hat. Fir d'Saison 1989/90 hun den Hubert Meunier an den Gilbert Dresch (dee bal 15 Joer zu Beggen gespillt hat) de Club verlooss. Si goufen ersat duerch d'Fransousen Daniel Ferrassini a Mustapha Malek, an duerch de lëtzebuergeschen Internationalen Carlo Weis. Bis bal un d'Enn vun der Saison huet et ausgesinn wéi wann Beggen kéint den Doublé gewannen, mä de 75.Anniversaire vum Club war an ee schlecht Liicht geroden durch eng intern Kris am Club déi als Resultat hat, datt de Louis Pilot erausgeheit gouf an séier durch den Albert Adams ersat gouf. Mä durch dëst huet d'Équipe d'Selbstvertrauen verluer an den alles entscheedende Match zu Beggen géint Union gouf 0-1 verluer, an daat virun iwwer 3000 Leit, déi sech vill erwaart haaten fir dann déif enttäuscht ze ginn. E puer Deeg méi spéit huet Beggen dun och nach an der Halwerfinal vun der Coupe 2-4 zu Hesper verluer. Deen eenzegen positiven Punkt vun deser Saison war d'Qualifikatioun fir den UEFA Cup.
[Änneren] Déi groussarteg awer och traureg 90er Joren
Des Qualifikatioun fir den UEFA Cup huet eis Inter Bratislava aus der Slowakei als Géigner op Beggen bruet an d'Saison huet optimal ugefaangen, well déi 2-1 am éischte Match doheem konnte geschloen gin. Des Victoire war eppes wéi den Europäeschen Ufank fir den FC Avenir. Obschon de Réckmatch zu Bratislava matt 0-5 verluer gaang ass an d'Équipe sech an där Saison net fir eng international Compétitioun konnt qualifizéieren - durch Nowierkungen vun de Problemer an der Saison virdrun - hun se et färdeg bruet ë bëssen Lëtzebuerger Fussballgeschicht an de kommende Joren ze schreiwen. 1992 hun mer d'Coupe gewonn andeems d'Spora matt 6-0 ofgefärdeg gouf an mir hun eis fir d'Coupe des Coupes (déi et haut jo net méi get) qualifizéiert. An der éischter Ronn sin mer op B36 Thorshavn vun de Färoer Inselen gefall, e Géigner op zimlech deem selwechten Niveau wéi Beggen. An esou hun mer eis fir d'2.Ronn qualifizéiert, 2-1 am zesummengerechente Resultat vun denen 2 Matcher. Mä déi nach méi grouss Sensatioun koum dun eng Ronn méi spéit: Beggen ass matt engem 0-0 an der Täsch vun Moskau eremkomm, wou se géint Spartak gespillt haaten. Leider sin mer dun erem séier op de Buedem vun den Tatsaachen ukomm, wou mer am Réckmatch zu Beggen 1-5 verluer hun. D'Saison 1992/93 huet um Enn den zweeten Doublé an der Veräinsgeschicht matt sech bruecht andeems mer, logëscherweis, de Championnat gewonn hun an natirlech d'Coupe an der Final géint den F91 Diddeléng. Zréck an Europa hun mer just matt knappen Resultater erem zweemol verluer, an zwar géinr Rosenborg Trondheim (0-1 doheem, 0-2 auswärts). Mä dëst huet eise Club net opgehalen fir den "duebelen Doublé" ze réaliséieren, d.h. an der Saison direkt duerno hun sie hier 2 Titelen verdeedegt an domatt 2 Doubléen innerhalb vun 2 Joer gewonn. An erem gouf deen aarmen F91 an der Coupe-Final geschlo! Mä dës Kéier haate mer absolut keng Chance an der Qualifikatioun fir d'Champions League. Galatasaray Istanbul hun eis eng Lektioun erdeelt, wéi ee Fussball spillt an sie hun eis 5-1 doheem an 4-0 auswärts geschloen. An der folgender Saison 1994/95 konnte mer dee gudde Laaf vun 3 Coupen an 2 Championstitelen hannerteneen net weiderféieren an mir hun eis "just" fir den UEFA Cup qualifizéiert. Mä do waare mer rem richteg déck do! No engem 0-0 Gläichspill zu Örebro an Schweden sin mer am Heemmatch 1-0 vir komm an der 30. Minutt vum Réckmatch an d'Dunant-Strooss stoung Kapp an esou eppes gouf och nie méi duerno zu Beggen erliewt! Mä de Markus Krahen kruut eng rout Kaart, Örebro huet ausgeglach an et huet geschéngt wéi wann alles eriwwer gewiescht wier. Eréischt Deeg méi spéit huet en UEFA Geriicht confirméiert datt Örebro SK véier net-Schwedësch Spiller agesat hat an hieren 1-1 "Succès" ass an en 3-0 Forfait-Succès fir Beggen gedréit ginn an den Avenir ass domatt eng Ronn weiderkomm. An dëser nächster Ronn huet den Avenir Beggen géint den RC Lens aus Frankräich gespillt. Dës Matcher waren dann fir laang Zäit déi lescht international Optrëtter. Beggen ass zweemol ferm ënner d'Rieder komm (0-6 auswärts, 0-7 doheem). Déi nächst Joren bis d'Saison 1999/2000 waaren all zimlech enttäuschend. D'Grënn waaren e.a. intern Problemer am Club, Problemer ënnert de Spiller, Traineren etc... Just 1998 sin mer nach eng Kéier an d'Coupe-Final komm, mä do hun mer 0-2 géint den CS Gréiwemaacher verluer. 2000 hun mer et och nach färdeg bruet eis fir den nei agefouerten Titel-Play-Off ze qualifizéieren, mä do hun mer véier vun eise sechs Matcher op eng onanstänneg Art an Weis verluer, waat och weiderhin bedeit huet datt Beggen net international konnt spillen.
[Änneren] 2000 bis haut
D'nei Joerdausend huet net vill gudd Neiegkeeten fir den Avenir Beggen mattbruet, mat vläicht enger Ausnahm op déi mer nach méi spéit hei am Abschnitt zréckkommen. An alle Saison bis 2005 inklusiv huet sech d'Équipe net fir den Titel-Play-Off konnten qualifizéieren, meeschtens hun se esouguer bis déi lescht Spilldeeg géint den Ofstig gekämpft. Deen eenzegen sensationnellen Highlight waar de Gewënn vun der Coupe de Luxembourg 2002, wou Beggen an d'Final géint Diddeléng komm ass. Entgéint allen Erwaardungen huet Beggen d'Resultat bis an d'Nospillzäit gehalen. De leschte Corner, de leschte Schoss an deen ass laanscht den Diddelénger Keeper gaangen a Beggen haten hier siewent Coupe an der Veräinsgeschicht sécher a fir eng Saison sollt Beggen en internationalen Comeback hunn - a wéi! Si haten d'Gléck Ispwich Town aus England zougeloust ze kréien! Dëst sollt déi éischt Kéier ginn, datt Beggen enger britescher Equipe an enger europäescher Compétitioun géintiwwer sollt stoen. Wéi erwaart ass Beggen erausgeflun (0-1 doheem, 1-8 auswärts), mä déi finanziell Recetten goufen séier vun engem weideren neien post-Mersch-Comité verpolfert, ee Comité deen et och net fäerdeg bruet huet dem Club seng finanziell Problemer ze léisen. Mëttlerweil huet sech d'Situatioun liicht verbessert, de Club an säin Ëmfeld kënnen sech erem op de Sport konzentréieren an eng nei Jugendkommissioun ass och um Rudder.
Source: Wichtel Web