Bäerdref
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
![]() |
||||||
An anere Sproochen | fr.: Berdorf de: Berdorf |
|||||
Gemeng | Bäerdref | |||||
Buergermeeschter | Ernest Walerius | |||||
Kanton | Iechternach | |||||
Awunner | 800 | |||||
Fläch | km² | |||||
Koordinaten | 49° 49’ 17’’ N, 06° 20’ 58’’ O | |||||
Awunner (Gemeng) | 1.513 (31.12.2006) | |||||
Fläch (Gemeng) | 2.193 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Bäerdref ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Bäerdref
- Bollenduerferbréck (fr: Bollendorf-Pont)
- Grondhaff (de: Grundhof), déi riets Säit vun der schwaarzer Iernz
- Kalkesbaach (de: Kalkesbach)
- Lafewier (de: Laufenwehr)
- Weilerbaach (de: Weilerbach)
Ausserdeem gehéiren nach déi heiten Häff zu der Gemeng Bäerdref: Bierkelt, Douschterterhaff, Haalsbaach, Hammhaff, Heesbich, Hongeschhaff, Laangent, Posselt, Schleiterhaff a Säitert.
[Änneren] Geographie
Bäerdref läit am Kanton Iechernach op engem Héichplateau, deen (ausser am Südweste) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. Et ass en Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.
[Änneren] Geschicht
Déi éischt Besiddlung vum Bäerdrëfer Plateau geet an déi Jénger Steenzäit zeréck (2000-1500 v. Chr.). Am 2.oder 3. Joerhonnert gouf do, wou haut d'Uertschaft ass, e réimeschen Haff ugeluegt (eng Villa Rustica oder och vläit eng Villa urbana). De Numm 'Bäerdref' kënnt heivunner: Den Haff krut den Numm vu sengem Meeschter a gouf deem entspriechend "Beronis Villa" - Haff vum Bero - genannt. Spéider gouf dat Wuert "Villa" duerch säi germanescht/fränkescht Equivalent "thorp"/"dorf"/"drëf" ersat. Och de Flouernumm "Op Kaasselt" kinnt drop hin deiten, dass do emol e réimesche Waachposte (Castellum) stung.
Dee markantsten Iwwerrescht vun der "Villa" ass de sougenannte "Véiergëttersteen", deen de Sockel vun enger Jupiter-Votivsail war an um héchste Punkt vun der Géigend stung - do, wou haut d'Kierch steet. Dëse gouf, wéi am 15. Joerhonnert déi éischt Kapell an der Uerschaft gebaut gouf, an dëser ënnerbruecht a war Haaptdeel vum Altor. Wéi den 11. Januar 1831 eng nei Kierch ageweit gouf, ass de Véiergöttersteen mattgeplënnert ginn an alt erëm ënnert den Haaptaltor stoe komm, wou en och haut nach steet.
1528 gout et déi éischt iwwerliwwert Zielung: Bäerdref hat 17 Stéit. Virun 1803 huet Bäerdrëf zu de Pare Grondhaff, duerno Konsdref gehéiert; vun do u war et eng eegestänneg Par.
Am 2. Weltkrich huet Bäerdref virun allem an der Ardennenoffensiv ze leide gehat: Eng amerikanesch Unitéit, vun der däitscher Offensiv iwwerrascht, huet e puer Deeg laang vum deemolegen "Hôtel du Parc" aus verbatterte Widderstand geleescht, mam Resultat, dass d'Haiser an der Ëmgéigend bal all beschiedegt oder zerstéiert waren.
[Änneren] Trëppelen a Kloteren
Ronderem Bäerdref ginn et kilometerlaang Trëppelweeër, déi laangscht d'Fielswänn aus Sandsteen ginn, wou de Bësch a sengem natiirlechen Zoustand belooss ass. Duerch dat fiicht Klima gëtt et do eng besonnesch Vegetatioun (ë.a. eng ganz rar Zort Far). Bekannt Fielsformatiounen sinn de Priedegtstull, de Perekop, d'Huellay, d'Raiberhiel oder d'Siweschlëff.
Déi eenzeg Plaz am Land, fir Alpinismus ze maachen, ass zu Bäerdref an der Wanterbaach. Fir hei kënnen ze klammen, brauch een e Permis vum Ëmweltministère.
[Änneren] Kuckeswäertes
Zu Bäerdref selwer ass dee schonns ernimmte Véiergëttersteen ze kucken, op deem d'Minerva, den Apollo, d'Juno an den Herkules ofgebilt sinn. E steet, wat éischter sielen ass, an der Kierch ënnert dem Altor.
[Änneren] Spezialitéite vu Bäerdref
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Kierch Bäerdref
- Véiergëttersteen vu Bäerdref
- Kleng Lëtzebuerger Schwäiz
[Änneren] Um Spaweck
Bäerdref | Bech | Beefort | Iechternach | Konsdref | Mompech | Rouspert | Waldbëlleg