Kleng Lëtzebuerger Schwäiz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz ass den Numm vun enger Géigend am Oste vu Lëtzebuerg. Si ëmfaasst ë.a. d'Uerschaften Iechternach, Bäerdref, Scheedgen, Konsdref, Beefort, Grondhaff a Mëllerdall. Hiren Numm huet se wéinst de Fielsen aus Lëtzebuerger Sandsteen, déi duerch Baachen a Flëss fräigeluecht goufen. Doduerch si Fielswänn, Hielen a Schlëff entstanen, déi Alpinisten, Natur- a Wanderfrënn gläichermoossen erfreen. Dës Hielen a Fielsvierspréng hu schonns an der Alsteenzäit (50.000 v. Chr.) de Mënsche Schutz gebueden. Archeologesch Fondsaachen wéi Feilspëtzten aus Feiersteen, mee och Rëtzen an de Fielswänn weisen drops hin, dass se och an der mëttlerer Steenzäit (Mesolithikum, 8.000 v. Chr.) vu Jeeër bewunnt waren. Dem 'eelsten Lëtzebuerger' säi Skelett (op 8000 v. Chr. datéiert), deen um Ufank vum 20. Joerhonnert um lieu-dit Loschbour ënnert engem Fielsvirsprong entdeckt gouf, kann haut am Naturmusée bewonnert ginn.
D'Réimer hun d'Fielsen als Steebroch benotzt. Am Mëttelalter goufen hei d'Millesteng fir déi sëlleche Millen an der Ëmgéigend gewonnen (kuckt de Numm "Mëllerdall"). Zeien heivu sinn z.B. d'Huellay, d'Pitteschkummer an den Amphiteater bei Bäerdref. Zu Bäerdref steet och de 'Véiergëttersteen', op deem réimesch Gottheeten ze gesi sinn, an deen interessanterweis an der Kierch ënnert dem Altor steet.
Zanter dem 19. Joerhonnert lackelt dës Géigend Touristen un. Dovunner zeien z.B. d'Nimm vu verschiddene Fielsformatiounen, déi aus dem Krim-Krich stamen (Perekop, Schipkapass, Tour Malakoff). Haut ginn et 40 km Trëppelweeër.
Fir ze verhënneren, dass d'Natur zevill verschampeléiert gëtt, an déi fragil Vegetatioun zu Schued kënnt, ass den Alpinismus hautesdags reglementéiert. Leit, déi gäer klotere ginn, mussen eng Demande beim Ëmweltministère maachen an däerfen dat nëmmen op ausgewisene Plazen an der Wanterbaach bei Bäerdref.
D'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz ass Deel vum Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Publicatiounen
- Krippel, Yves [Hrsg.], 2005. - Die Kleine Luxemburger Schweiz - Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit. Luxembourg. 251p. Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d'histoire naturelle & Administration des eaux & forêts. ISBN 2-919877-09-7. Präis: 12€ am Butték vum Naturmusée.
- Krippel, Yves, 2005. - Is the conservation of the natural and cultural heritage of sandstone landscapes guaranteed? Case study of the Petite Suisse area in Luxembourg. In: Ries, Christian & Yves Krippel (Eds.), 2005. - Sandstone Landscapes in Europe - Past, Present and Future. Proceedings of the 2nd International Conference on Sandstone Landscapes. Vianden (Luxembourg) 25-28.05.2005. - Ferrantia 44, 249p., Luxembourg. ISSN 1682-5519.