Bellerophon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bellerophon (beim Homer Bellerophontes) war e griicheschen Held, Jong vum korinthesche Kinnek Glaukos an der Eurymede. Well en säi Papp ëmbruecht hat huet en den Haff misse verloossen an ass bei de Kinnek Proitos vun Tiryns gaang, deem seng Fra Stheneboia sech leidenschaftlech an e verléift huet. Wéi de Bellerophon se awer zréckgewisen huet huet si sech gerächt andeems se hierem Mann gesot huet hie wär hannert er hier.
Doropshinn schéck den Proitos, dee senger Fra gegleeft huet, de Bellerophon zu sengem Schwéierpapp Iobates, Kinnek vu Lykien, zesumme mat engem Bréif an deem den Iobates opgefuerdert ginn ass hien ëmzebréngen. Den Iobates huet de Bellerophon mat verschiddenen Aufgaben beuerdert, alles an der Hoffnung datt en dobäi géif zu Dout kommen. Awer de Bellerophon huet all déi Aventuren mat Erfolleg iwwerstanen. En huet souguer d'Chimaira vernicht. Zum Schluss huet den Iobates him souguer seng eegen Duechter zur Fra ginn a bestëmmt dat säin Edem säin Troun no sengem Doud ierwe sollt.
Dunn huet de Bellerophon seng Rach um Stheneboia geholl. Nodeems en si no senger Réckkéier op Tiryns iwwerriet huet e Rëtt um Pagasos ze maachen, huet en se während dem Rëtt an d'Mier gestierzt.
Spéider huet de Bellerophon versicht mam Pegasos den Olymp ze erreechen, mee ass awer, well den Zeus en zeréckgeschleidert huet, ofgestierzt an zu Doud komm. No enger anerer Versioun huet en de Stuerz zwar iwwerlieft, mee ass awer a Melancholie verfall.
De Bellerophon ass haaptsächlech zu Korinth a Lykien veréiert ginn.
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |