Ben Hoscheit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Ben Hoscheit (* 1993 zu Esch-Uelzecht) ass ee vun den Haaptacteuren am lëtzebuergesch-éisträichesche Film Perl oder Pica.
Hien ass de Jong vum Jhemp Hoscheit, deen de Roman mam selwechten Numm geschriwwen huet, op deem de Film baséiert.
Mat siwe Joer ass de Ben Hoscheit an d'Theatergrupp vu senger Primärschoul agetrueden a spillt, zënter hien am Lycée ass, am Cabaret Geoghelli vum Escher Jongelycée mat.