Berceuse
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Berceuse ass e Schloflidd, e Wéielidd.
D'Berceuse huet sech besonnesch bannent der Instrumentalmusek vum 19. Joerhonnert zu enger eegestänneger Musekform entwéckelt, déi vum Genre hier verdreemt ass, a berouegend wierke soll. Si gläicht doranner der Nocturne an der Barcarole.
Déi bekannteste Berceuse kënnt vum Chopin an dréit den Titel Berceuse. Et handelt sech ëm den 72 Takte laangen Opus 57, deen de Frédéric Chopin 1845 fir Piano geschriwwen huet. Déi Geloossenheet a Séilerou déi vun der Berceuse ausginn huet de Komponist selwer verspuert während senge Summerméintsvakanzen, déi en zënter 1841 am Landhaus vun der George Sand zu Nohant verbruecht huet.
Et hunn och nach munnech aner Komponisten der Musekwelt zu Berceuse-Pärele verhollef. Hei eng kleng Lëscht:
- Am Johannes Brahms sengen dräi Intermezzi Opus 117 vun 1892 ass d'Piano-Versioun vum Schloflidd Guten Abend, gute Nacht aus Des Knaben Wunderhorn agebaut. Dësen Andante moderato ass inspiréiert vun engem schottesche Schloflidd, dem Lamentation of Lady Bothwell aus dem Percy sengem Reliques of Ancient Poetry, dat de Brahms schonns aus dem Herder senger Anthologie Stimmen der Völker kannt huet.
- De Ferruccio Busoni schreift vun 1907 bis 1909 seng Siwen Elegien fir Piano. Wéi seng Mamm 1909 stierft, schreift hien déi lescht ëm als Berceuse élégiaque. La Berceuse de l'homme auprès du cercueil de sa mère. fir Orchester (den Titel ass am Original op franséisch). De Busoni sot dozou: "De Mann séngt fir seng verstuerwe Mamm dat selwechte Lidd, dat se him a senger Kandheet gesongen hat, an dat hie säi ganzt Liewe begleet huet". D'Uropféirung huet de Gustav Mahler den 21. Februar 1911 zu New York a sengem allerleschte Concert dirigéiert.
- Mat der Berceuse héroique vun 1914 wollt de Claude Debussy dem belsche Kinnek Albert I. a sengen Zaldoten eng Éier erweisen. Dëst Wéielidd fir doudeg Helden wierkt besonnesch duerch seng onheemlech Stëmmung.
- D'Wiegenlied aus de 14 Volks-Kinderlieder.
- D'Berceuse de Jeanne fir Piano vum Harrison Birtwistle.
- Berceuse sur le nom de (Gabriel Fauré vun 1922 fir Piano a Gei vum Maurice Ravel.
- Dëm Gebriel Fauré säin Opus 16, Berceuse.
- Dëm Charles Gounod seng Dondelinette, eng Berceuse fir Piano zu véier Hänn.
- Dëm Edvard Hagerup Grieg säin Opus 68 Bei der Wéi.
- Den Olli Mustonen fänkt 1996 seng Petite Suite fir Cello a Sträichorchester mat enger Berceuse un.
- An den Eelëf Pianostécker Opus 46, No 1 vum Theodor Leschtizky ass dat éischt eng Berceuse.
- De Max Reger huet zwou Berceuse geschriwwen, déi hien awer net esou nennt:
-
- Aus meinem Tagebuch, op.82, H.2, Nummer 9
- Träume am Kamin, op.143, Nummer 12
- Dem Igor Stravinsky säi Berceuse pour ma fille Mikoucha vun 1917 fir Gesank (d'Stëmmlag ass net virgeschriwwen) a Piano.
- Berceuse russe Op.40 vum Marcel Tournier fir Harf.