Frédéric Chopin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Frédéric François Chopin, gebuer den 1. Mäerz 1810 zu Zelazowa-Wola bäi Warschau a gestuerwen de 7. Februar 1849 zu Paräis, war e polnesche Pianist a Komponist.
Scho mat 8 Joer huet de Chopin seng éischt Concerten an de Salonen vun der Aristokratie vu Warschau ginn.
Seng éischt Kompositiounen si vun 1817.
No der Ausbildung bäi senger Mamm an duerno beim Joseph Elsner huet de Frédéric Chopin literaturhistoresch Vierliesunge besicht. Hien hat scho ganz fréi Kontakt mat bekannte Politiker, Literaten a Museker.
No engem leschte Concert huet de Frédéric Chopin 1830 Polen verlooss an ass no enger Rei vun Tëschestatiounen 1831 zu Paräis ukomm.