Bernard Molitor
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bernard Molitor (* 22. Oktober 1755 zu Betzder, † 1833 zu Paräis) war e Lëtzebuerger Konschtschräiner (Ébéniste).
De Bernard Molitor, Bouf vun engem Schräiner, ass zu Betzder opgewues an ass ëm 1777 op Paräis gaangen, wou schonns e Koséng vun him als Schräiner geschafft huet, mee wou e sech an den éischte Joren als Händler duerchgeschloen huet. An enger Annonce vu 1778 huet e Reklamm fir Insektegëft gemaach, a 6 Joer drop huet en Handwiermer a Form vu Bicher verkaf.
Eréischt 1787 ass de Molitor Maître ébéniste ginn, nodeems e sech mat der Duechter vun engem Charpentier du Roi bestuet huet, an domatter an d'Konschtschräinerzonft opgeholl gouf. Hien huet en Atelier an der Rue Bourbon opgemaach. Eng vu sengen éischte Commandë koum vum Marie-Antoinette, deem en de Buedem aus Mahagony-Holz a sengem Boudoir zu Fontainebleau ze maachen hat. Kaum hat e sech en Numm an de Paräisser Adelskreeser gemaach, koum d'Franséisch Revolutioun, an en huet, well seng Haaptclientèle fortgelaf oder e Kapp méi kuerz gemaach gi war, säin Atelier fir eng kuerz Zäit missen zoumaachen. No e puer moere Jore gung et dann nees mat sengem Geschäft biergop. Hien hat eng sëlleche Leit fir sech schaffen, déi em gehollef hunn, Kommouden, Schreif- an Iessdëscher, Secrétairen a Schief ze maachen. Dës Miwwele ware meeschtens mat wertvollem Holz fournéiert, a mat Appliquën aus vergëllentener Bronze decoréiert. Den Napoleon z.B. huet sech bei him verschidde Miwwele fir seng Residenz zu Saint Cloud bestallt. 1811 gouf e Fournisseur de la Cour impériale.
1800 huet de Bernard Molitor sech an der chicker rue Faubourg Saint Honoré en Haus kaf. 1815 huet e sech eng zweete Kéier bestuet, an 1820 ass en op Fontainebleau geplënnert, wou en am Alter vun 78 Joer gestuerwen ass.
1995, wéi Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad war, huet eng Wierkaustellung hie fir d'éischt engem gréissere Publikum bekannt gemaach. Och nach haut si Sammler an Konschtamateure bereet, héich Präisser fir seng Miwwelen ze bezuelen.
[Änneren] Literatur
- Leben, Ulrich: Molitor, ébéniste de Louis XVI à Louis XVIII. St.-Rémy-l'Eau, 1992.