Bujumbura
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bujumbura | |
---|---|
Wope feelt | Kaart feelt |
Land | ![]() |
Provënz: | ? |
Regioun: | ? |
Koordinaten: | 3° 22′ 57" s. B, 29° 21′ 40" ë. L |
Fläch: | ? km² |
Awunner : | 300.000 geschaat (1996) |
Bevëlkerungsdicht: | ? / km² |
Héicht: | ? i. NN |
Buergermeeschter: | ? |
Bujumbura ass d'Haaptstad vum ostafrikanesche Staat Burundi an hat 1996 ongeféier 300.000 Awunner. D'Stad läit um Tanganjikaséi an ass déi gréisste Stad vu Burundi a säi verwaltungstechnescht und wirtschaftlecht Zentrum.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Bujumbura ass aus engem klengen Duerf erausgewuess, nodeems et 1889 e Militärposten am deemolegen Däitsch-Ostafrika gouf. Nom Zweete Weltkrich gouf et zum Verwaltungszentrum vum belsche Vëlkerbond-Mandat iwwer Ruanda-Urundi. D'Stad gouf vun Usumbura a Bujumbura ëmbenannt, wéi Burundi 1962 onofhängeg gouf.
Zënter der Onofhängegkeet war Bujumbura d'Plaz vu ville Kämpf tëscht den zwou gréissten ethnesche Gruppe vum Land, wobäi d'Hutu-Miliz géint d'Tutsi-dominéiert Arméi vu Burundi gekämpft huet.
[Änneren] Economie
Bujumbura produzéiert ë.a. Zement, Textilien a Seef. D'Stad ass och dee gréisste (Bannen-)Hafe vu Burundi a verschëfft iwwer den Tanganjikaséi e groussen Deel vum Haaptexportprodukt vum Land, Kaffi, grad esou wéi Bamwoll, Pelzer an Zënnerz.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
[Änneren] Extern
Abuja - Accra - Addis Abeba - Algier - Antananarivo - Asmara - Bamako - Bangui - Banjul - Bissau - Brazzaville - Bujumbura - Conakry - Dakar - Dar es Salaam - Dodoma - Dschibuti - Freetown - Gaborone - Harare - Kairo - Kampala - Kapstadt - Khartum - Kigali - Kinshasa - Libreville - Lilongwe - Lomé - Luanda - Lusaka - Malabo - Maputo - Maseru - Mbabane - Mogadischu - Monrovia - Moroni - N'Djamena - Nairobi - Niamey - Nouakchott - Ouagadougou - Port Louis - Porto Novo - Praia - Pretoria - Rabat - Saint-Denis - São Tomé - Tripolis - Tunis - Victoria - Windhuk - Yamoussoukro - Yaoundé