Cabo de São Vicente
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Portugal ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Cabo de São Vicente bei Sagres an der Algarve (Portugal) stellt, zesumme mat Ponta de Sagres, an der Noperschaft, d' Südwestspëtzt vum euopäesche Festland duer. Eng géi Fielsmauer, 59 m héich, trennt d'Land do vum Atlantik. Eng moer Vegetatioun ouni Beem characteriséieren d'Landschaft.
De Cabo de São Vicente ass zënter dem Neolithikum eng helleg Plaz. An der Antik war hien dem Saturn geweit. D'Chrëschten hunn dës Traditioun virugefouert andeems se de leschte Punkt vum europäesche Festland nom Hellege Vinzens genannt hunn.
Um Cabo de São Vicente trount e Liichttuerm, deem säin Liichtschäin bis zu 90 km iwwert den Atlantik reecht an domatt dee Liichttuerm an Europa ass, deen am wäitsten ze gesinn ass. Dës Landschaft ass vun Touristen, déi meeschtens mat Busse kommen, staark besicht. D'Géigend ass nëtt ongeféierlech, well do déidlech Akzidenter vun Touristen a Fëscher, déi do roffalen, heefeg sinn. Och d'Schëffer huelen do hir Précautiounen a maachen e grousse Bou ëm d'Fielsen vum Cabo de São Vicente.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kuckeswäertes
- Fortaleza de Sagres, Eng Festung direkt niewendrunn