Algarve
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Algarve, oder eigentlech den Algarve, war fréier een eegent Kinnikräich. Zënter der Mëtt vun den 1960er Joren ass et eng Regioun am südlechsten Deel vu Portugal, eng Regioun, déi wéinst hierer Landschaft vun allen portugieseschen Regiounen am stärksten touristesch entwéckelt ginn ass.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
D'Algarve grenzt am Norden un d'Regioun Alentejo, am Westen a Süden un den Atlantik. Am Osten ass et de Rio Guadiana dee Portugal vu Spuenien trennt. D'Küst vun der Algarve verleeft iwwer 155 km vun Osten no Westen, an dann nach zousätzlech 52 km no Norden.
Vun der spuenescher Grenz bis no Faro ass d'Küst flaach, vu Faro bis op de Cabo de São Vicente bei Sagres, dem südwestlechsten Punkt vun Europa, schléissen géi Fielsen matt Sandbuchten a ville Grotten d'Land zum Atlantik hin of. An der Serra de Monchique befënnt sech den hëchste Punkt vun der Algarve.
Den administrativen Zentrum an Distrikthaaptstad vun der Regioun ass Faro. Do läit och den internationalen Airport. Ausser Faro sollten an der Algarve och nach d'Stied Sagres, Lagos a Portimão, eng Hafestad, wou vill Croisièreschëffer uleeën oder ankeren, ernimmt ginn. Sagres soll, opgrond vu senger exponéierter geographescher Positioun um südwestleche Wutz vu Portugal den Ausgangspunkt vun de Reese gewiescht sinn, déi den Heinrich de Seefahrer organiséiert huet.
[Änneren] Gréisst Gemengen (Volkszählung 2001)
Gemeng | Awunner |
---|---|
Faro | 40.355 |
Portimão | 35.857 |
Olhão | 28.019 |
Loulé | 21.009 |
Lagos | 17.355 |
Quarteira | 16.131 |
Albufeira | 15.721 |
Tavira | 13.112 |
Silves | 10.851 |
Vila Real de Santo António | 10.523 |
São Brás de Alportel | 10.022 |
[Änneren] Plazen, déi vun Touristen besonnesch besicht sinn:
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Tourismus a Kuckeswäertes
Wann op den 4.960 km² nëmmen 395.208 (2001) Awunner stänneg liewen, kann d'Bevëlkerung an de Summerméint dräi mol sou héich sinn, wann d'Gäscht vu baussen sech do am Summer néiergelooss hunn.
Berühmt ass d'Algarve fir hier vill schéin Plagen matt rengem Sand an deelweis komesch a monumental Fielsformatiounen an der westlecher Küstegéigend. Well et sou vill Golfterrainen gett, déi villfach bis und déi géi Fielsen reechen, ass d'Algarve bei de Golf-Sportleren séier beléiwt.
Archäologesch Curiositéiten befannen sech no bei der Küst am Hannerland. Déi réimesch Villaen sinn kuckeswäert:
- Abicada, réim. Villa
- Alcalar, d'Megalithnekropole matt restauréierten Anlagen (Alcalar VII)
- Milreu-Estói, réim. Villa
- Silves, d'Buerg, die réimm. Bréck an de Musée
- Vilamoura, réim. Villa
De südwestlechste Wutz vun Europa um Cabo de São Vicente, net wäit vun der Stad Sagres, gouf fréier als d'Enn vun der Welt betruecht.