Campari
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Campari gehéiert zu de Spirituosen an ass en Aperitif-Bitter.
De Gaspare Campari huet 1862 de Campari erfonnt. Et ass eng Mëschung aus 86 verschiddene Kraider, Gewierzer, Friichten a Wuerzelen aus ville verschiddene Länner.
En huet eng rout Faarf an en liicht battere Goût.
Di genee Komponente vum Campari, an haaptsächlich hir Doséierung, gi streng ënner Verschloss gehalen.
De Campari soll wa méiglich kill gelagert a kal zervéiert ginn.
Et ass eng villsäiteg Spirituous. Klassesch Aperitif-Variante sinn: Campari mat Spruddel, Campari on the Rocks a Campari-Orange. Donieft ginn et sëlleg méi aktuell Varianten, wéi Campari Red Bull oder Campari Tonic.
Produzent vum Campari ass d'Firma Davide Campari S.p.A. vu Mailand an Italien.