Carl Gustav Witt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carl Gustav Witt gebuer de 29. Oktober 1866 a gestuerwen den 3. Januar 1946 war en däitschen Astronom.
De Witt huet am Berliner Urania-Observatoire geschafft, wou hien zwéin Asteroiden entdeckt huet, dorënner den (433) Eros.
Den Eros war den éischten entdeckten Asteroid, dee sech net an der Asteroiden-Haaptceinture ophält, mä eng Bunn beschreift, déi deelweis bannenzegt der Marsbunn verleeft.
(422) Berolina | 8. Oktober 1896 |
(433 ) Eros | 13. August 1898 |