Asteroid
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Als Asteroid bezeechent een déi kleng planéitenähnlech Objete, déi sech op keplerschen Ëmlafbunnen ëm d'Sonn bewegen.
An der Terminologie vun de Astronome gëtt en Asteroid heefeg synonym als Klengplanéit oder Planetoid (planéitenähnlecht Objet) bezeechent, well de Numm Asteroid sënngeméiss eigentlech fir „stärenähnlecht Objet“ steet (vun astēr "Stär"), wat awer näischt mat den tatsächleche physikaleschen Eegeschafte vun dësem Himmelskierper ze dinn huet. Asteroiden sinn sou kleng, datt si an deene meeschten Teleskopen – anescht wéi déi grouss Planéiten – wéi Stären nëmme punktfërmeg erschéngen.
Bis elo sinn 338.000 Asteroide bekannt, woubäi déi tatsächlech Unzuel wuel an d'Millioune goen dierft. Bis 2002 war den (1) Ceres dee gréisste bekannte Asteroid. Dëse Rang huet den Ceres an der Tëschenzäit missen ofginn. De 24. August 2006 ass den Ceres per Definitioun aus der Klass vun den Asteroiden erausgeholl ginn an ass elo een Zwergplanéit. An der Kuiperceinture goufen Objete wéi de (50000) Quaoar mat 1250 km Duerchmiesser, (90482) Orcus mat engem Duerchmiesser vu 1600–1800 km an d'(136199) Eris mat 2500–3200 km Duerchmiesser fonnt. Op der aner Säit vun der Kuiperceinture gouf Enn 2003 de ronn 1700 km groussen Asteroid (90377) Sedna entdeckt.
Weider grouss Asteroide sinn: (2) Pallas, (3) Juno, (4) Vesta, (5) Astraea, (6) Hebe, (7) Iris, (10) Hygeia an (15) Eunomia.
[Änneren] Um Spaweck
- Asteroiden-Newsletter
- Minor Planet Center (Engl)
- Kleinplanetenseite.de
- 200 Jahre Kleinplaneten (Verein Kuffner-Sternwarte)
- Steinschlag aus dem Universum
- Gutt Linksammlung
- Orbit-Simulatioun vum Asteroid 2004 XP14 vun der NASA