Charles Rischard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles Rischard, gebuer 15. Mee 1841 zu Dikrech a gestuerwen den 12. Juni 1914 an der Stad Lëtzebuerg, war vum 23. Juni 1896 bis de 25. Oktober 1905 Minister fir ëffentlech Aarbechten (Directeur Général des Travaux Publics) an der drëtter Regierung Eyschen.
Ënnert him ass déi Nei Bréck an d'Gare gebaut ginn. A vu sengem Virnumm staamt den Numm Chareli fir d' Vizinalbunn vun der Stad op Iechternach.