Dikrech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Diekirch de: Diekirch |
|||||
Gemeng | Dikrech | |||||
Buergermeeschter | Nico Michels (CSV) | |||||
Kanton | Dikrech | |||||
Awunner | 6.450 | |||||
Fläch | 1242 km² | |||||
Koordinaten | 49° 52’ 5’’ N, 6° 9’ 24’’ O | |||||
Awunner (Gemeng) | 6.450 | |||||
Fläch (Gemeng) | 1242 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Dikrech ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen an eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied.
[Änneren] Den Numm
Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
[Änneren] Geographie
D'Stad ass souwuel den Zentrum vum Kanton Dikrech, wéi och vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Kolmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Dës Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek.
[Änneren] Geschicht
Säin Num huet d'Stad dem Vaterländliches Lesebuch für die luxemburger Volkschule 1885 no aus der Zäit vum Karl dem Groussen. Hien huet um Enn vum 8. Joerhonnert Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënnert seng Kontroll ze bréngen. Fir déi heednesch Sachsen zum Chrëschtentum ze bekéiren huet hien dann zu Dikrech eng Kierch baue gelooss. Duerch den Numm déi d'Sachsen der Kierch ginn hunn (Diet-Kirch - "Vollekskierch") ass dann am Laf vun der Zäit den Numm Dikrech entstan.
Déi schwéierst Zäit hat Dikrech, wéi déi meescht Éisleker Gemengen, am Zweete Weltkrich. Zemols am Dezember 1944, wou dat ganzt Sauerdall d'Südflank vun der Ardennenoffensiv gebilt huet, gouf et zu Dikrech schwéier Gefechter, bei deenen den Zentrum vun der Stad bal ganz zerstéiert gouf.
Zënter 1955 ass zu Dikrech, um Härebierg, an der eenzeger Millitärkasär vum Land, d'Lëtzebuerger Arméi stationéiert.
[Änneren] Kuckeswäertes
De gréisste Musée zu Dikrech ass den National Museum of Military History. Nieft dem wichtegsten Deel, senger Sammlung aus der Ardennenoffensiv, behandelt d'Ausstellung och Theme wéi d'Gefaangeschaft vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten oder d'Grënnung vun der Lëtzebuerger Arméi an hir Aufgaben nom Krich.
- Weider Muséeë sinn de Musée iwwert historesch Autoen oder de Beiemusée.
- E Réimermosaik aus dem 3. Joerhonnert kann een an de Kellere vun der aler Hotelschoul kucke goen (Dëse Raum ass momentan wéinst Aarbechte gespaart).
- Am Staddeel Al Dikrech steet déi fréier Parkierch St. Laurenz Kierch aus dem 6. Joerhonnert an deeër regelméiss Fotosaustellunge sinn.
- Bekannt ass Dikrech och duerch den Ieselsbur an der Groussgaass. Duerch dee leeft bei ganz speziellen Evenementer Béier.
- D' Dikrecher Brauerei kann een iwwregens och kucke goen. Gefouert Visitë muss een awer speziell ufroen.
- Dat eelste Monument zu Dikrech as den "Däiwelsälter". De 7 Meter héije Steebou ass awer keen Altor, mee et soll sech ëm een 2000 v. Chr. entstanent Graf sinn, dat 1892 zu engem Steebou zesummegesat ginn ass.
[Änneren] Verschiddenes
- Dikrech huet 3 Lycéeën: de Lycée Classique (LCD) d'Lycée Technique Hôtelier Alexis Heck (Hotelsschoul; LTHAH) an de Lycée Technique Préparatoire.
- Dikrech war déi éischt Lëtzebuerger Stad mat enger Foussgängerzon (1977).
- D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbuer an der Groussgaass.
[Änneren] Manifestatiounen
Zu Dikrech gëtt et e puer grouss Manifestatiounen déi am ganze Land an souguer iwwert d'Grenzen eraus bekannt sinn:
- D'Dikrecher Cavalcade
- De Marche de l'Armée
[Änneren] Bekannt Dikrecher
- Joseph Bech (1887-1975), fréiere Staatsminister vu Lëtzebuerg an ee vun de Grënnerpappen vun der Europäescher Union.
- Yves Clausse (* 1969), Schwëmmer, huet bei den Olympesche Spiller vu Seoul (1988) a vu Barcelona (1992) deelgeholl.
- Alexis Heck (1830-1908), Begrënner vum Lëtzebuerger Tourismuswiesen, no deem den LTHAH benannt gouf.
- Michel Lentz (1820-1893), Lëtzebuerger Dichter a Verfaasser vun der Heemecht.
- Claude Turmes (* 26. November 1960), Politiker (Déi Gréng), Députéierten am Europäesche Parlament
- Lucien Weiler (* 3. August 1951) , Politiker (CSV), Chamberspresident.
[Änneren] Jumelagen
Dikréch ass jumeléiert mat:
- Der Stad Monthey Schwäiz
- Arel Belsch
- Bitburg Däitschland
- Hayange Frankräich
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Bettenduerf | Buerschent | Dikrech | Feelen | Ettelbréck | Houschent | Iermsdref | Ierpeldeng | Mäerzeg | Miedernach | Reisduerf | Schieren