Claude Wiseler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Claude Wiseler (*30. Januar 1960 an der Stad) ass e lëtzebuergesche Politiker
No sengem Lycée am Staadter Atheneum studéiert de Claude Wiseler op der Sorbonne Literatur a schléisst des Studien 1989 matt engem Doktorat of.
Tëschent 1983 a 1987 ass de Claude Wiseler Sproocheprof an der Stad, a wieselt dann an den Erzéiungsministère, wou hie Professeur-attaché gëtt. Vun 1989 bis 1999 schafft hien am Familieministère an am Ministère fir Mëttelstand an Tourismus als Conseiller vun der Regierung.
De Claude Wiseler ass och, tëscht 1995 an 2000, Generalsekretär vu sénger Partei, der CSV, a gëtt 1999 op deer hirer Lëscht an d'Chamber gewielt.
Vun 2000 bis 2004 ass de Claude Wiseler Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg. An der Regierung Juncker-Asselborn, déi aus de Wahle vum 13. Juni 2004 ervir geet, ass de Claude Wiseler Minister vun der Fonction publique a Verwaltungsreform a Bauteminister.
De Claude Wiseler ass bestuet a Papp vun 3 Kanner.