Contacto
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Contacto ass eng portugiseschsproocheg Lëtzebuerger Wochenzeitung.
De Contacto ass fir d'éischt am Januar 1970 vun den Amizades Portugal-Luxemburgo erausgi ginn. Am Ufank war dat ee Mol am Mount. Eng Zäit laang ass en a Portugal gedréckt ginn.
1987 hunn d'Editions Saint-Paul de Contacto iwwerholl an en all véierzéng Deeg erausginn. Zënter 1999 kënnt all Woch eng nei Editioun eraus.
De Contacto hat 2004 eng Oplo vu 24.000 Exemplairen. 2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 10,7 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch de Contacto gelies.