COS-B
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den COS-B war e wëssenschaftleche Satellit vun der European Space Agency (ESA) fir d'kosmesch Gammastrahlung ze studéieren.
Den COS-B gouf den 9. August 1975 mat enger Delta-Rakéit vun der NASA vun der Vandenberg-Base an eng staark exzentresch Äerdëmlafbunn mat 37 Stonnen Ëmlafzäit bruecht ginn, a war bis de 25. Abrëll 1982 a Betrib. D'Haaptinstrument war e grousse richtungsopléisenden Detektor (Fonkekummer) fir Gammastrahlung tëschent ronn 30 MeV a 5 GeV Energie, zousätzlech war en Detektor fir Rëntgestrahlung dobäi. Den COS-B war e Projet vun der ESA mat Beiträg vun europäesche Fuerschungsinstituter.
Aus den Observatiounen vum COS-B entstoung déi éischt Kaart vun der Gammastrahlung vun eiser Mëllechstrooss, den 2CG-Katalog mat 25 kosmesche Gammaquellen, an Ënnersich vun eenzelnen Objeten, wéi vu Pulsaren an der éischter extragalaktescher Gammaquell 3C273.
[Änneren] Um Spaweck
- (en) COS-B-Säit bei ESTEC