Countdown fir Kachkéisien!
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
Bild feelt nach | ||||
Land | Lëtzebuerg | |||
Sprooch | Lëtzebuergesch | |||
Erauskomm | 2005 | |||
Text | Lucien Czuga | |||
Zeechnungen | Roger Leiner |
Countdown fir Kachkéisien!, ass de 18. Album aus der Comic-Serie Superjhemp vum Lucien Czuga a Roger Leiner An dëser Eisod feiert de Bommeleeër e spektakulärt Comeback.
[Änneren] Ëm wat geet et ?
20 Joer no senge Näischnotzegkeete soll de Bommeleeër dës Kéier dem Superjhemp an dem Schrobiltgen hëllefen, eng Atombomm ze désarmorcéieren, déi de GROMPER (Groupement vun de Megarosene Pappen en Retraite) iergendanzwousch an der Stad verstoppt huet an déi explodéiere soll, wann hir Fuerderung no enger Papperent net erfëllt gëtt! Gläichzäiteg empfänkt de JCJ an offizieller Statsvisite den Dimitri Frivili, President vum Azärméckschief, e megaräicht Land am Rolfkaukasus.
Inoffiziell geet et awer drëm datt den Azärméckschief an d'Ö.U. soll opgeholl ginn, mee d'Verhandlunge ginn däermoosse schif, datt de Frivili, deem seng Identitéit fir deen "offiziellen" Deel vun der Visite vum Schrobiltgen ageholl gëtt, Luxusbuerg um internationale Kapitalmaart opkeeft an et a "Kachkéisien" ëmdeeft.
Wärend de Frivili, fir dat ze feieren, an de Casino 2005 op Munnerëffeg Roulette spille geet, geet de Superjhemp op eng spannend Schnëtzeljuegd duerch d'ganz Stad bis op déi Plaz, wou d'Bomm verstoppt ass. Domat ass d'Bomm awer net entschäerft.
[Änneren] Eng Spezialversioun vum Album
Intressant un deem Album ass, datt et dovun eng Spezialversioun gëtt mat engem anere Schluss: während deen "normalen" Album, dee bal 10.000 mol gedréckt gouf, en Happy End huet, ass an der Spezialversioun, déi et nëmme 500 mol gëtt, an déi een nëmmen iwwer Souscriptioun an der REVUE krut, en Not So Happy End! Dat ass déi éischt Kéier zu Lëtzebuerg, datt et e Buch mat zwee verschiddene Schlusse gëtt.
D'Spezialversioun erkennt een iwwregens dodrunn, datt e Sticker mam Kapp vum Frivili, deen eng azärméckschiefeg Mënz am Wäert vu 5 Frivilien duerstellt, drop gepecht ass!