Cyrille Horper
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Cyrille Horper, gebuer de 4. Juli 1985 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Student, dee sech scho fréi fir Film a Kamera interesséiert huet an doropshinn éischt Schrëtt als Hobbycineast gemaach huet.
Momentan ass hie ganz aktiv bäi Koler Movies Lëtzebuerg, engem Kader, an deem e scho fir de Film Rendolepsis hannert der Kamera stoung. Och als Regisseur huet de Cyrille Horper schonns éischt Experienze gemaach, an war als solche mat sengem Kuerzfilm Love @ LRSL, deen 2005 entstaanen ass, um Benelux Filmfestival 2006 zu Klierf vertrueden, woufir hien och de Präiss "Meilleure oeuvre d'un lycée luxembourgeois" gewonnen huet.
[Änneren] Filmer
- Riddlypup da Fully
- Rendolepsis
- Black King's Way
- 31 Min.