Däitsche Foussball-Bond
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Deutscher Fußball-Bund (kuerz DFB) ass de Verband vun den däitsche Foussballveräiner. E gouf am Januar 1900 zu Leipzig an Däitschland gegrënnt. Bis haut sinn an dësem Verband iwwer 26.000 Veräiner a méi wéi 6 Millioune Memberen affiliéiert an ass domat de gréisste Sportverband vun der Welt.
Den DFB gliddert sech a fënnef Regionalverbänn mat 21 Landesverbänn. Iwwer zwou Millioune Memberen sinn an 170.000 Equippen aktiv. Den DFB huet 870.000 weiblech Memberen a stellt 8600 Fraen- a Meederchersequippen. D’Maskottchen vum DFB ass säit März 2006 offiziell, en Adler mat schwaarzem Fiederkleed a gielem Schniewel mam Numm “Paule”.
[Änneren] Um Spaweck
- (de) www.dfb.de Offizielle Site