Diffusen Niwwel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Diffus Niwwele si Wolleken aus interstellarer Matière, also dënn a wäitverstreeten Usammlunge vu Gas a Stëbs. Zu hinnen zielen d’Emissiounsniwwelen an d’Reflexiounsniwwelen. Am Géigesaz zu den planetareschen Niwwelen sinn diffus Niwwelen onregelméissg geformt a ginn net zwangsleefeg duerch een, mä meeschtens duerch vill Stären zum Liichten ugereegt. Wann diffus Niwwele grouss a masseräich genuch sinn, sinn se heefeg Stäregebuertsplazen a maachen sou grouss Stärassoziatiounen oder Stärekéip. E puer vun dëse jonke Stäre sinn oft ganz masseräich an esou waarm, datt hir héich Strahlungsenergie de Gas ëm den Niwwel (meeschtens Waasserstoff) zum Liichten ureege kann. Dës Niwwele ginn Emissiounsniwwele genannt. Sinn d'Stären net waarm genuch, sou gëtt hiert Liicht vun dem Stëbs aus der Ëmgéigend reflektéieert a kann als wäiss oder blo Reflexiounsniwwelen observéiert ginn. Déi diffus Niwwelen selwer kënne bis zu 100.000 Sonnemassen un Matière enthalen.
Dee wuel bekanntesten an hellsten diffuse Niwwel ass den Orionniwwel och M 42 genannt.