New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Stär - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Stär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De folgenden Artikel beschreift Stären am Universum. Aner Bedeitungen vum Wuert fand Dir ënner Stär (Homonymie).


De Stärekoup vun de Plejaden
De Stärekoup vun de Plejaden

Ënnert engem Stär versteet een en aus sech selwer liichtenden Himmelskierper, deen aus Plasma besteet, an deem seng Strahlungsenergie duerch Kärfusioun am Banneschten vum Stär entsteet. Awer och déi kompakt Endstadië vun der Stärentwecklung, wéi Neutronestären a wäiss Zwergen, ginn zu de Stäre gezielt, och wann se nëmmen duerch hier Reschtwäermt Strahlung ofginn.

Fréier gouf de Begrëff Fixstär zur Ofgrenzung géigeniwwer Wandelstären (haut Planéiten) gebraucht. Awer och d'Fixstären beweegen sech, wann och nëmme ganz lues, miessbar um Himmel. Sou wäerten an e puer dausend Joren déi heiteg Stärebiller net méi z'erkenne sinn.

Um ganzen Himmel sinn ongeféier 6.000 Stären mat bloussem A z'erkennen. Den Ubleck vun desen anscheinend strukturlose Punkten um Himmel ka liicht doriwwer ewesch täuschen, datt Stären net nëmmen duerch hier Distanz, mee och duerch déi immens Variatiounsbreeten vun hieren Temperaturen, Liichtkraft, Massendicht, Volume a Prozesszäiten Werter iwwerspaannen, déi een durchaus als astronomesch bezeechne kann. Sou kéint een déi bausescht Schichte vu roude Risestären no de Kriterie vun der irdescher Technik als Vakuum bezeechnen, wougéint dat Bannescht vun Neutronenstären esou dicht ass, datt en Téiläffel dovun esou vill wéi e ganze Bierg weie géif. Genau esou ginn déi bedeelegt Temperaturen vun e puer dausend bis zu e puer Milliarden Kelvin. Niewent desen extrem ennerschidlechen Erscheinungsformen vu Stären gëtt et awer och oft en zimlech grousse Räichtum u banneschten Strukturen. Desen Artikel kann dowéinst och nëmmen e graffen Iwwerbleck ginn an op Artikelen weisen, déi méi wäit féieren.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Stären aus der Siicht vum Mensch

[Änneren] Stärebiller a Stärebezeechnungen

D'Stären hunn an alle Kulturen eng wichteg Roll gespillt an déi mënschlech Imaginatioun ugereegt. Si goufen religiéis interpretéiert a fir Bestemmung vum Kalenner a méi spéit och fir d'Orientéierung an d' Navigatioun benotzt. Déi an eisem Kulturkrees bekannte Stärebiller kommen zum Deel vun den Babylonier an aus dem griicheschen Altertum. Déi zwielef Stärebiller vum Déierekrees bilden d'Basis vun der Astrologie. Mee wéinst der Präzessioun sinn déi sichtbar Stärebiller haut par Rapport zu den astrologeschen Déierekreeszeechen ëm ongeféier een Zeeche verréckelt. Vill vun den haut bekannten Nimm wéi Algol, Deneb oder Regulus kommen aus dem Arabeschen oder dem Laténgeschen.

Ongeféier zënter 1600 huet d'Astronomie d'Stärebiller dozou benotzt fir den Objeten an deenen jeweilegen Himmelsregiounen en Numm ze ginn. Ee bis haut nach wäit verbreete System zur Benennung vun den hellsten Stären vun engem Stärebild geet op d'Stärekaarten vum däitschen Astronom Johann Bayer zréck. D'Bayer-Bezeechnung vun engem Stär besteet aus engem griichesche Buschstaf virum Genitiv vum laténgeschen Numm vum Stärebild, an deem de Stär läit; esou ass also γ Lyrae den dretthellsten Stär am Stärebild Leier. En ähnleche System gouf vum briteschen Astronom John Flamsteed agefouertt: D'Flamsteed-Bezeechnung vun engem Stär besteet aus vir enger fortlaafender Zuel an dono erem dem Genitiv vum latengeschen Numm vum Stärebild, wéi zum Beispill 13 Lyrae. D'Flamsteed-Bezeechnung get oft dann gewielt, wann et fir e Stär keng Bayer-Bezeechnung get. Déi meeschten Stären ginn awer nemmen duerch hir Nummer an engem Stärekatalog identifizéiert.

Et gëtt eng Rei vu Firmen an esouguer Observatoiren déi hiere Clienten géint eng entspriechend Bezuelung ubidden fir e Stär no hinnen ze benennen. Dës Nimm ginn allerdings nëmmen vun deene betreffende Firmen an hire Clienten unerkannt. D'International Astronomesch Unioun, déi offiziell fir Benennung vun de Stären zoustänneg ass, huet sech ganz däitlech vun dëser Praxis distanzéiert.

[Änneren] Verdeelung vun de Stären um Himmel

De Stär deen eis am noosten ass ass d'Sonn. Den nächste Fixstär am klassesche Sënn ass Proxima Centauri ongeféier 4,24 Liichtjoer vun eis. All Stären déi ee kann mat bloussem A erkennen kann gehéieren zu eiser Galaxis. Si schéngen sech ronderem e Band um Himmel ze konzentréieren: d'Mëllechstrooss, déi de Plang vun eiser Galaxis markéiert.

D'Stären sinn duerch hir enorm Distanz a Wiirklechkeet däitlech méi kleng wéi déi Punkten déi mir gesinn. Esouguer an deem beschten Teleskop erschéngen se nemmen als Punkten. D'Flackere vun de Stären, dat een heiansdo gesinn kann, berout nëmmen op Turbulenzen an der Äerdatmosphär.

[Änneren] Stären als physikalesch Objet'en am Universum

D'Astronomie huet an de leschten honnert Joer ëmmer méi dacks op Methode vun der Physik zréckgegraff. Sou berout e groussen Deel vun eisem Wëssen iwwer d'Stären op theoretesche Stäremodellen, deenen hir Qualitéit un der Iwwereestemmung mat den astronomeschen Beobachtungen gemooss gëtt. Emgekéiert ass d'Erfuerschung vun de Stären duerch déi enorm Zuel vun Phänomener an duerch d'Spanwäit vun de bedeelegte Parameter och fir déi physikalesch Grondlagefuerschung vun grousser Bedeitung.

[Änneren] D'räimlech Verdeelung an d'Dynamik vun de Stären

Bal all d'Stäre sinn a Galaxien. Galaxie bestinn aus e puer Millionen bis zu Honnerte vun Milliarde vu Stären a si sinn hirersäits a Galaxiekéip gruppéiert. No Schätzunge vun Astronomen ginn et am ganze sichtbaren Universum ongeféier 100 Milliarde Galaxie mat am ongeféier 70 Trilliarde (7 x 1022) Stären. Wéinst der Gravitatioun emkreesen d'Stären d'Zentrum vun hirer Galaxie mat Vitessë vun e puer Dosen km/s a brauchen typescherweis fir een Emlaaf e puer 100.000 Joer. Méi no zum Zentrum ginn et allerdéngs däitlech méi kuerz Emlafzäiten. D'Stäre sinn bannent enger Galaxie net vëlleg gläichméisseg verdeelt, mee si bilden deelweis oppe Stärekéip wéi zum Beispill d'Pléiaden, op däitsch och "Siebengestirn" genannt, oder Kugelstärekéip, déi am Halo vu Galaxie sinn. Do derbäi sti se am galakteschen Zentrum däitlech méi dicht wéi an de Randberäicher.

[Änneren] Kuckt och

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu