Dräikinnekshaus (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Dréikinnekshaus zu Tréier an der Simeonstrooss net wäit ewech vun der Porta Nigra ass e fréigotescht Wunnhaus mat enger opfalender Fassade. Den Numm soll vun engem Tableau vun der Epiphanie, deen am Haus houng stamen.
D'Gebai ass tëscht 1220 an 1230 als romanesche Wunntuerm opgeriicht ginn. Well sech d'Haushären an där Zäit selwer verdeedege missten, louch d'Entrée ursprénglech um éischte Stack iwwert der heiteger rietser Aganksdier. Iwwert eng Leeder oder Holztrap, déi bei Gefor agezu konnt ginn, war d'Haus ze erreechen. Déi heiteg Agäng stamen aus spéiderer Zäit.
Do de Wunntuerm am 19. Joerhonnert komplett ëmgebaut ginn ass, konnt bei der Restauréierung d'Fassade nëmme schwéier nom ursprénglechem Muster nees opgefrëscht ginn.