Porta Nigra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Porta Nigra, Wahrzeeche vun der Stad Tréier, ass déi gréissten a bescht erhale réimesch Stadspaart nërdlech vun den Alpen. Déi ëm 180 n. Chr. als nërdlechen Agank zur Stad Augusta Treverorum gebaute Paart gouf 1986 zu der Weltierfschaft vun der UNESCO opgeholl.
Réimesch Bauhären hunn déi eenzel hell Sandsteng (Quader), déi bis zu sechs Tonne weien an aus dem noe Kylltal stamen, ouni Speis openee getiermt. Bis haut gëtt d'Porta Nigra just vum Eegegewiicht a mat Hëllef vun e puer Eiseklameren zesummegehalen. Am Mëttelalter sinn déif Lächer an d'Steng gemeesselt gi fir d'Eiseklameren ze klauen an anzeschmëlzen. Aus deer Zäit staamt och den Numm Porta Nigra, dee vun der däischterer Faarf ofgeleet ass, déi duerch Verwitterung vum Sandsteen entstan ass.
Hir Erhalung verdankt Porta Nigra dem griichesche Wanderpater Simeon, dee vun 1028 un e frommt Liewen do gefouert huet. No sengem Doud 1035 gouf d'Porta zu enger Kierch ëmgebaut an ass esou erhale bliwwen. Den Napoléon huet spéider de Réimerbau nees vun de meeschte Spure vu senger kierzlecher Vergaangenheet befreit.