Edikt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Edikt (vum laténgeschen edicere - verkënnegen) ass am réimeschen Droit eng ëffentlech Erklärung vun engem Magistrat iwwert d'Uwendung vum Droit zu hierer Amtsperiod. Spéiderhi goufen domadden och d'Gesetzer vun de Keesere bezeechent.
Am Frankräichwor en Edikt e Gesetz vum Kinnek zu engem spezifeschen Thema, am Géigesaz zu enger Ordonnance déi méi Theme behandelt huet.
Hautzudags gi gréisstendeels nëmme nach de Poopst a verschidde Regente vu klenge Staten Edikter eraus.