Edmond de la Fontaine
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zu engem Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 an der Stad, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder.
[Änneren] Säi Liewen
De Lucien-Irvin-Edmond de la Fontaine war den drëtte Jong vum Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine an der Joséphine Francq. 1841 gëtt dem Dicks säi Papp vum Kinnek Wëllem II. vun Holland zum Gouverneur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt.
Nodeems den Dicks 1844 seng Première am Kolléisch gepackt huet, geet hien op d'Universitéite vu Léck an Heidelberg studéieren. Am Juli 1847 verléisst en d'Uni. Nodeems hien 1850 den Eed als Affekot geleescht hat, gëtt hien 1852 zum zweeten Ergänzungsriichter um Friddensgeriicht an der Stad ernannt, ee Joer drop zum éischten.
Vun 1867 bis 1870 war den Dicks Buergermeeschter vu Stadbriedemes. Hien huet mat senger Fra Pauline Dutreux am Schlass gewunnt.
1881 gëtt hien zum Friddensriichter vum Kanton Veianen ernannt. Hien huet bis zu sengem Dout 1891 zu Veianen gewunnt. Zwee Joer méi spéit gi seng stierflech Reschter op Stadbriedemes iwwerfouert, wou se am Familljegraf bäigesat goufen.
Si haten zwee Jongen, den Alfred an den Adrien, an e Meedchen, d'Eugénie.
[Änneren] Säi Wierk
- De 5. November 1848 publizéiert de Volksfreund e satirescht Gedicht, dat op eng genësslech Aart a Weis de Spunnes mat dem parlamentaresche System mécht, et ass D'Fulleparlamènt am Gréngewald.
- Aus dem Vulleparlament:
- "'T gêt ânescht", rift ên: "Kukrukûon!
- "Ech sin iwer iéch all den Huôn:
- "Get, get ûocht!
- "Ech hun d'Constitutio'n gelûocht!
- Dat war natierlech eng batter Pëll, an den Dicks, als Gouverneursjong, gouf domat op eng speziell Manéier séier bekannt.
- 1883: "Luxemburger Sitten und Bräuche"