Talk:Edmond de la Fontaine
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hei sti "komesch" Behaaptungen. Ausser der Saach, datt den Dick keng Kanner gehat hätt, ass ze liesen: " ...Stadbriedemes. Hien huet am Schlass, wou hie mat senger Fra Pauline Dutreux geliewt huet, eng Textilfabrik bedriwwen." An der Dicks Gesamtwierk-Editioun liesen ech ënner 1858 "Errichtung einer Weberei in Remich .." an "1873 Versteigerung der Weberei in Remich". An dobäi ass den Dicks eréischt 1866 an d'Schlass erageplënnert (!). -- Cornischong
Wow, do schéngt een e Wëssen ze hu mat deem en eisen Artikel verbessere kéint... Well déi zitéierten Textquell léisst jo keen Zweifel méi zou, oder? --Otets ♣ 14:10, 6 November 2005 (UTC)
Déi "komesch" Behaaptungen stamen aus dem Buch "Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes" vum Dr. P.J. Muller, Korrespondierendes Mitglied der historischen Sektion des Grossherzoglichen Instituts, 4. Oplag vun 1968. Hei steet geschriwwen op der Säit 280: "1867 - 1870. - In Stadtbredimus stand unser Nationaldichter Dicks der Ortschaft als Bürgermeister vor; er besaß dort eine Textilfabrik, und zwar im Schloß, wo er mit seiner Gemahlin, Pauline Dutreux, wohnte. Die Ehe blieb kinderlos." An esou steet et och am Artkel. --Carlos 08:39, 7 November 2005 (UTC)
" ..So versuchte er sich deen, dem Zug der Zeit folgend, auf industriellem Gebiert und errrichtete in Remich eine große Weberei, die etwa 50 Webstühle beherbergte. .." Fernand Hoffmann, "Geschichte der luxemburger Mundartdichtung, Erster Band", Säit 123. --Cornischong 09:51, 7 November 2005 (UTC)
Den Här Buergemeeschter Bonifas vu Stadbriedemes huet mer lo just confirméiert, datt am "Schlass" keng Wiewerei war, mee dat dem Dicks seng "Fabrik" zu Réimech war, an zwar am Gebai vun de "Caves St Remy" vun der Famill Desom. Doropshin hunn ech mam Här Georges Desom geschwat, dee mar dat confirméiert huet, a mer sot, um Gebai hänkt eng Plack déi dat ernimmt. Wann ech eng Kéier an der Géigend sinn, wäert ech op de Knäppchen drécken. --Cornischong 10:34, 7 November 2005 (UTC)