Edward Sapir
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edward Sapir (* 26. Januar 1884; † 4. Februar 1939) war een US-amerikaneschen Anthropolog a Linguist.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
Hien as gebuer ginn zu Lauenberg a Pommern, dat ass haut Lebork a Polen. Seng Mammesprooch war Jiddesch, eréischt spéider huet hien Däitsch geléiert. Als Zweetsprooch huet e mat 7 oder 8 Joer Hebräesch geléiert, wéi en mat sengem Papp dat Aalt Testament iwwersat huet. Nom Alter vun 5 Joer hat hien praktesch nëmme nach Englesch ëm séch.
Fir d'éischt huet en däitsch Philologie op der Columbia University studéiert, dunn huet e gewiesselt an en ass bei de Franz Boas Anthropologie léiere gaange mat Spezialiséierung op Linguistik. Vu 1910 bis 1925 huet en den anthropologeschen Deel vun der Canadian Geological Survey geleet. Als Professer fir Anthropologie fanne mir hien an der Universitéit vu Chicago bis 1931 an duerno an der Universitéit vun Yale. 1939 as de Sapir no e puer Häerzinfarkten am Alter vu 55 Joer gestuerwen.
[Änneren] Wierker
Eng komplett Bibliografie ass an der Rena Darnell hirer Sapir-Biografie S. 457-473
[Änneren] Anthologie
David. G. Mandelbaum (Erausg.): Edward Sapir. Selected Writings in Language, Culture, and Personality University of California Press, 1949, ISBN 0-520-05594-2
[Änneren] Biografie
Regna Darnell: Edward Sapir: Linguist, Anthropologist, Humanist, University of California Press, 1990.