Eemaischen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eemaischen (oder Éimaischen) ass den Numm vun engem Maart, deen zu Nouspelt an um Fëschmaart an der Stad op Ouschterméindeg ofgehale gëtt.
Den Numm geet op Emmaus zeréck, déi Stad, um Wee no deer der Bibel no de Jesus sengen Apostelen no sengem Doud begéint soll sinn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Um Fëschmaart
Ouschterméinden huet d'Aulebäckesch-Zonft an der Méchelskierch hiert Zonftfest gefeiert. No der Mass gouf dunn e Maart mat äerdeneem Dëppegeschir ofgehalen. Déi eelste schrëftlech Quell, déi dëse Maart beleet, ass e Bréif vum 3. Abrëll 1827. Doranner huet de Policeoffizéier Jemp Müllendorf dem Gemengerot proposéiert, dee "Emmaus-Maart" eriwwer op de Fëschmaart ze verleeën, well de Kaméidi vum Maart, an d'Kannergejäiz d'Masse giff stéieren.
Et dierf ugeholl ginn, dass do och äerde Päifen ze kréie waren, si waren awer sécher net, ewéi haut d'Péckvillercher, den Haaptartikel vun deem Maart.
Um Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech de Maart ëmmer méi vun engem renge Maart fir Toun-Wueren zu engem Kreemchesmaart entwéckelt. 1914 ass dee leschten Aulebäcker zu Nouspelt gestuerwen, wou zënter 1458 d'Aulebäckerei beluecht war.
Nom Éischte Weltkrich ass d´Eemaische virun ofgehale ginn, hat awer ëmmer manner Succès. D'Péckvillecher, déi verkaaft goufen, koumen aus der Äifel.
Déi modern Form vun der Eemaischen geet op d'Joer 1937 zeréck. Do huet de Comité Alstad, en Interesseveräin, decidéiert, déi al Traditioun nei ze beliewen. 1938 goufe fir d'éischt zënter 20 Joer nees Péckvillercher verkaf, déi zu Lëtzebuerg gemaach goufen. Fabrizéiert goufen se vum Aulebäcker Jean Peters aus dem Reckendall, deen dofir Nouspelter Toun verschafft huet. Bis zu sengem Doud, 1980 huet de Peters dausende Péckvillercher geschafen.
[Änneren] Zu Nouspelt
Zënter 1957 gëtt och zu Nouspelt eng Eemaischen ofgehalen, déi vun de Pompjeeë vun do organiséiert gëtt. D'Péckvillercher vun do hunn e Stempel mam Joer a mam Numm vun deër Uertschaft drop.