Péckvillchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Péckvillchen ass eng aus Toun gebake Päif a Form vun engem Villchen, dee bannendrann huel ass, e Mondstéck (um Schwanz) an uewen oder vier um Kierper e Lach huet, sou datt een, wann een dra bléist, en Toun an zwou verschiddenen Héichte produzéiere kann.
D'Péckvillecher ginn zu Lëtzebuerg traditionnell op der Eemaischen (engem Maart), op Ouschterméindeg, zu Nouspelt an um stater Fëschmaart verkaaft. Well se all Joers anescht ausgesinn, si se bei verschiddene Leit beléifte Sammelobjeten.
Ganz besonnesch gesicht si Péckvillercher aus rout-brongem Toun, deen zu Nouspelt gestach an do gebak gouf.
Op der staater Emaischen, di laang virun daer vun Nospelt bestaan huet, sin an deenen leschte Joren emmer mei Artisten, di hier mi ausgefallen oder usprochsvoll Péckvillecher ubidden. Et get der esuguer aus Porzelain. Verschidde Verkeefer loossen hier Peckvillecher a Fabriken an grousse Massen hierstellen, verschidener sin emol guer net aus Keramik, mee aus Gips. Verschidener sin och keng Villecher mee aner Deieren oder Saachen oder abstrakt Formen di eischter als Musikinstrument dengen kennen well se ofgestemmt bis zu 2 Oktaven spille kennen. Et get enzweschen Péckvillcher vun all Gout an zu alle Preisser. Dem Visiteur vun der staater Emaischen bleiwt nemmen nach den "embaras du choix"
[Änneren] Kuckt och
- De Peck-Villchen (eng satiresch Zäitschrëft)