Europe (Kino)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 23. Dezember 1963 huet de Kino Europe op der Garerplaz zu Lëtzebuerg direkt niewent dem Eldorado seng Diren opgemeet . Et war e flotte Sall mat der Arichtung fir 70 mm Filmer a Stereotoun ze spillen.
Den éischte Film de gewise gouf war dem David Lean säi Lawrence of Arabia a 70 mm mat dem Peter O'Toole an der Haaptroll. Direkt duerno koum en Dokumentarfilm a 70 mm an den Europe, de Flying Clipper - Traumreise unter weissen Segeln. Den Europe huet an enger eischter Zäit versicht spektakulär Filmer ze weisen déi op deem démooleg gréissten Ecran an der Stad gutt erauskoumen.
1983 ass nach a Kinossall beigebaut ginn, deen awer ze kleng war. Sylvester 1989 huet den Europe zougemeet a gouf kuerz dono, zesumme mam Eldorado, ofgerappt, fir engem neie Bürosgebai Plaz ze maachen.