1963
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1958 | 1959 | 1960 | 1961 | 1962 | 1963 | 1964 | 1965 | 1966 | 1967 | 1968
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1963.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
[Änneren] Lëtzebuerg
- D'Stad Lëtzebuerg feiert 1000 Joer.
- 29. Mäerz: 180 Uebstproduzente vun der Musel an der Ënnersauer grënnen eng Qualitéitsgenossenschaft, d' Luxfruit.
- 12. Mee: D'Luxair deeft hiren éischten eegene Fliger, eng Fokker F-27 Friendship op de Numm Prince Henri.
- 20. Juni: Première am neie Stadtheater vum Norbert Weber sengem historeschen Drama Jean Schalop.
- 20. Juni: De Grondstee fir d'Groussherzogin-Charlotte-Bréck gëtt geluegt.
- 23. Juni: De Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt fir d'éischt am Summer gefeiert, amplaz am Wanter
- 26. September: Zu Esch-Uelzecht gëtt den Eisebunnsviadukt ageweit.
- 4. November: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.
[Änneren] Afrika
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 22. November: De President vun den USA, den John F. Kennedy gëtt bei engem Attentat zu Dallas an Texas erschoss.
[Änneren] Südamerika
[Änneren] Asien
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Arabesch Welt
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
- Philips bréngt den éischte Kassetterecorder eraus.
- Polaroid bréngt deen éischten Faarffilm op de Maart.
- Krupp produzéiert déi éischt Haartmetallspikes fir Autospneuen.
[Änneren] Gebuer
- 14. Januar: Steven Soderbergh, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 18. Januar: Phillip Boa, däitsche Museker a Komponist.
- 20. Januar: Guy Helminger, lëtzebuergeschen Auteur.
- 30. Januar: Thomas Brezina, éisträichesche Kannerbuchauteur.
- 27. Mäerz: Quentin Tarantino, US-amerikanesche Regisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 6. Abrëll: Rafael Vicente Correa Delgado, ecuadorianesche Politiker.
- 6. Abrëll: Pauline Lafont, franséisch Schauspillerin.
- 10. Abrëll: Marc Spautz, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 13. Abrëll: Garri Kimowitsch Kasparow, russesch-amerikanesche Schachspiller.
- 24. Abrëll: Tony Blackplait, estlännesch-US-amerikanesche Rocksänger.
- 3. Juni: Guy Berg, lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
- 29. Juni: Anne-Sophie Mutter, däitsch Violonistin.
- 15. Juli: Brigitte Nielsen, dänesch Schauspillerin.
- 18. Juli: Marc Girardelli, éisträichesch-lëtzebuergesche Schifuerer.
- 30. Juli: Pol Cruchten, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 16. September: Luc Frieden, lëtzebuergesche Politiker.
[Änneren] Gestuerwen
- 28. Januar: Gustave Garrigou, franséische Vëlosportler an Tour de France-Gewënner
- 19. Juni: Simon Wright, britesche Museker.
- 26. August: Pier Clemens, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 4. September: Robert Schuman, franséische Politiker.
- 10. September: Honorio Siccardi, argentinesche Komponist.
- 11. Oktober: Jean Cocteau, franséische Moler, Komponist, Schrëftsteller a Filmregisseur (* 1889).
- 11. Oktober: Edith Piaf, franséisch Chansonsängerin (* 1915).
- 22. November: John F. Kennedy, President vun de Vereenegte Staaten.
- 26. November: Amelita Galli-Curci, italienesch Sopranistin.
- 12. Dezember: Theodor Heuss, däitsche Politiker.