FC Monnerech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
FC Monnerech | |||||||||||||||||||||||||||||||||
Offiziellen Numm: | Football Club Mondercange | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Grënnung: | 1933 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Stadion: | Stade Communal, Monnerech |
||||||||||||||||||||||||||||||||
Plazen: | 3 304 | ||||||||||||||||||||||||||||||||
President: | Georges Zorn | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Trainer: | Vinicio Monacelli | ||||||||||||||||||||||||||||||||
Liga: | Nationaldivisioun | ||||||||||||||||||||||||||||||||
2005/06 | Éirepromotioun, 3. Plaz | ||||||||||||||||||||||||||||||||
|
Den FC Monnerech (offiziell F.C. Mondercange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Monnerech a gouf 1933 gegrënnt.
D'éischt Härenequipe vu Monnerech huet an den 80er Joren nach an der zweeter, 1985/86 esouguer nach drëtter Divisioun gespillt. Vun uganks de 90er un ass et dunn -mat e puer Réckschléi- de Bierg op gang. Nodeems den Opstig 1989/90 an d'éischt Divisioun gepackt war, klemmt Monnerech schonn an der Saison drop (1990/91) an d'Éirepromotioun, kenn sech do awer net behaapten a fält direkt erëm eraus.
Tëscht 1994/95 an 1997/98 sinn déi Monnerecher nees an der Éirepromotioun a vun 1998/99 bis 2003/04 spillt de Club fir d'éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an der Nationaldivisioun.
Enn der Saison 2005/06 wënnt Monnerech als Drëttplazéierten aus der Éirepromotioun de Barragematch géint de Leschten aus der Nationaldivisioun, den Avenir Beggen, mat 3-2 (no Verlängerung) a spillt zënterhier nees an der héchster Klass vum lëtzebuergesche Foussballchampionat.
Den FC Monnerech spillt seng Matcher am Stade Communal zu Monnerech. De Stade huet Plaz fir 3 304 Leit. Iwwerdeckt sinn 254 Sëtzplazen a 50 Stéiplazen.
[Änneren] Nationale Palmarès
- Finalist (2x): 1999, 2000
[Änneren] Europäesch Kompetitiounen
Saison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
1999/00 | UEFA Cup | Q | Dinamo Bukarest | 2-6, 0-7 |
Q = Qualifikatioun